Op emol hätt et ee politescht Gewëssen

Déi Verreenten Natiounen (UN) verbidden sech Gemauschels mat der neier Regierung vun der kierzlech gegrënnter Islamescher Republik Afghanistan

Datt déi Vereenten Natioune mat Sëtz zu New York längst net méi Wäerter vertrieden, fir déi se eigentlech emol gegrënnt woussten, sief dohinner gestallt. Bedauerlech dann awer de Constat, datt dës „Institutioun“ an där zimmlech all Autokratien, Diktaturen a soss mäerderesch Natiounen ee Stull stoen hunn, elo bei den Taliban well eng Ausnam maachen. Si sollen dobausse bleiwen…

Gutt, datt een déi ongewäsche Männer mat de laange Bäert an eppes regressiver Weltreliounspolitik net wierklech wëll bei sech an der Stuff sëtzen hunn, kann een als Humanist a Friddensstëfter mat geréngem Erfolleg novollzéien. Anersäits hunn den Iran, Saudiarabien an esouguer d‘USA d‘Recht en UN-Ambassadeur ze ernennen a op New York ze schécken. Den Taliban soll dat verwiert ginn.

D‘Taliban, déi nom Ofzuch vun den auslännesche Besatzungstruppen, ganz de Reegele vun der Sharia an am Optrag vun engem imaginäre Gott – deen si sech och nach mat villen aneren deelen – d‘Muecht iwwerholl hunn, wënschen sech, wéi schonn 1997, eppes international Unerkennung. D‘Besatzungsmuechten, déi 20 Joer laang méi schlecht wéi Recht regéiert hunn, wëllem dat net.

Jo et ass ee wuel rosen, datt ee Milliarden an ee Land investéiert huet, dat sech dann awer net de amerikanesche „rules of engagement“ ënnerworf huet, an och den engagéierten Europäer dierft et komesch virkommen, datt nom Ofzuch op emol eng Wirtschaftskris an Hongersnout entstanen ass. Déi schéngt et jo iwwer zwee Joerzéngten net gehat ze hunn. Gouf déi absichtlech erbäigefouert?

Mäerder, Diktatoren an Autokrate sinn OK, Terroristen dat geet net

Loosse mir kuerz ee Réckbléck woen. Schonn 1997 haten d‘Taliban versicht ee Vertrieder bei de Vereenten Natiounen anzeschleisen. Dat war sengerzäit den Abdul Hakim Mujahid an hien huet tatsächlech véier Joer zu New York gelieft bis d‘Amerikaner Afghanistan aus bekannte Grënn ugegraff hunn. 9/11 war den Ausléiser, d‘Ierfschaft vun de Russen am Afghanistan unzetrieden.

Dem frëndlechen Islamist mat klore reliéisen Absichten säin Nofollger Suhail Shaheen, kéint elo en änlecht Schicksal erleiden. Wéi den Abdul Hakim Mujahid dierf dësen sech zwar zu New York ophalen, eng Akkreditéierung soll dësem awer méiglechst verwiert bleiwen. Dat Ganzt natierlech mat vill Diplomatie an ënnert dem Respekt vum Protokoll. Dat heescht: si brauchen einfach Zäit.

Et kann ee jo net wierklech dem bäertege Feind erklären datt hie sech soll verpissen, och wann et genee dorobber erausleeft. Den zoustännegen Ausschoss vun den UN, deen iwwert dem Taliban seng Akkreditéierung ze befannen huet, weess sech unzeleeën. Hei gëtt et kee blatzegen „Nee“, Hannerfotzegkeet ass d‘Kür vun den Diplomaten (och eisen) an dofir gi Berodunge just verluecht.

Gutt si ginn op Mokuchsdag verluecht, well dësem éierwierdegen wéi verlugene Veräin ass keng aner agefall. Dat soll elo och net heeschen et géif sech net mat den Taliban ausgetosch. Woubäi „Austausch“ trëfft et net wierklech. Zu Doha treffen sech US-Diplomate mat den Taliban, firwat wéineg no baussen dréngt. Et ass awer gewosst, datt d‘USA sech fir gutt Bezéiungen asetzen.

Wann si sech dem Wonsch vun den USA an hiren Alliéierten ënnerwerfen

D‘Amerikaner, déi jo. wéi schonn am Vietnam-Konflikt, wann se verléieren awer als Gewënner optriede mussen, hu méi Fuerderunge wéi diplomatescht Geschéck, an si si bekannt dofir, Verträg nëmmen esoulaang anzehalen, wéi et hinne profitéiert. Anersäits fuerderen elo hei net nëmmen d‘Amerikaner vun den Taliban d‘Anhale vun de Mënscherechter. Si wiere jo ee gutt Beispill.

Elo hunn d‘Taliban, beim Muechtwiessel jo schonn drop higewisen, datt si sech un all déi Rechter hale géifen – also folgerichteg och d‘Mënscherechter – déi vun hire Reliounswëssenschaftler an Theologen, ganz am Sënn vun der Sharia an zum Wuel vum Islam kéinten ëmgesat ginn. Et huet also och bei reliéis denaturéierte Verbriecher d‘Asiicht, datt ee muss ginn, fir eppes ze kréien…

Vläicht sollt een d‘Hardliner bestiechen? D‘Amerikaner hu jo bekanntlech nach ëmmer d‘Heft an der Hand a bestëmmen d‘Verhandlunge vun Doha. D‘Taliban hunn hirersäits jo net wierklech pro-amerikanesch Reformer un de Verhandlungsdësch gesat. Si wëssen allerdéngs och, datt et ouni den Accord vu Washington keen UN-Zoutrëtt an déi eppes benéidegt Finanze fir den Opbau gëtt.

A sech elo voll a ganz de Chinesen, dëse gottlose Kommunisten, un den Hals ze geheien, schéngt bei de Fanatiker och net wierklech eng Optioun ze sinn. Esouguer dann net, wann een als Taliban keen Intressi huet fir d‘Rechter vun den Uiguren anzetrieden. Dat maachen d‘USA an d‘UNO elo och net – also net esou datt et eescht gemengt wier. Vläicht sinn se ouni UNO awer besser drun…

mat indymedia/nyc/tlv/bru

Dernières nouvelles