Ech mengen de Bus brennt

Ass et eng politesch Aktioun oder ass hinnen de Präis fir den ëffentlechen Transport ze héich? Eng Äntwert dorobber kann et fréistens ginn, wann d‘Acteuren hannert dësen Doten, endlech esou eppes wéi Fuerderunge, oder zumindest eng Stellungnam ofginn. Jiddefalls hunn ee puer Rabbelkäpp an der nordirescher Haaptstad Belfast ofgefackelt… et war den 2. Bus bannent enger Woch.

Zum Virfall: Ee Linnebus huet seng Tournée am Belfaster Viruert Newtownabbey gemaach, wéi dëse vu véier Männer gestoppt ginn ass. D‘Brigangen hunn zolidd Rämmidämmi gemaach an de Passagéier d‘Dier gewisen. Wéi dës den Trottoir erreecht hunn – ee puer vun den Passagéier hunn och direkt eng Méck gemaach – hunn d‘Raiber de rouden Duebeldeckerbus a Brand gestach.

Et ass dat, wéi schonn ugedeit, den zweete Bus dee bannent enger Woch an Nordirland iwwerfall an a Brand gestach gëtt. Leschte Méindeg waren se zu hirer zwee: maskéiert a bewaffent haten si ee Bus westlech vu Belfast ugehalen, an dësem déi selwecht Kuer verpasst. De Leader vun der DUP (dat ass déi nordiresch Regierungspartei), Jeffrey Donaldson huet dës Dot via Twitter denoncéiert.

Belfast

Den Unionist, notéiert: „Dat ass sënnlos, Verännerungen erreecht een duerch Politik, net mëttels dem ofbrenne vu Busser“. Dat ass sécher richteg, mee wouropper bezitt sech den äerdege Politiker an dësem Fall? Sinn him Revendicatioune bekannt? Weder bei eis nach anere Medie goufen dës „Aktiounen“ vun engem Statement begleet, firwat d‘Motiver net zwéngend musse politesch sinn.

Fir de Bedreiwer vun de betraffene Buslinnen allerdéngs, ass et ënnert de presenten Ëmstänn net méiglech den Déngscht oprechtzëerhalen. Dësen huet decidéiert, all Bus- a Metrolinnen unzehalen. De Chauffer vum Bus, wou ee Sonndeg ausgebrannt ass, steet ënner Schock muss awer net an d‘Spidol; hie géif vu sengen Aarbechtskolleege gestäipt. D‘Police huet den Ament nach keng Piste.

mat indymedia/bfs

Foto: © Police Service of Northern Ireland (PSNI)

Dernières nouvelles