Zwee presuméiert Drogendealer goufe festgeholl

Wéi d‘Police matdeelt, konnten op Uerder vum Parquet um spéiden Dënschdeg Nomëtteg zu Bouneweg a kuerz drop och am Garer Quartier jeeweils e presuméierten Drogendealer festgeholl ginn.

D‘Beamten hu bei den Dealer Drogen, Boergeld an aner relevant Géigestänn fonnt a beschlagnaamt. No klineschen Ënnersichungen konnt zudeem erausfonnt ginn, datt ee vun de Verdächtegen eng Rëtsch Drogenplomben ofgeschléckt hat.

Haut de Moien sinn si schliisslech engem Ënnersichungsriichter presentéiert ginn.

Dernières nouvelles