Den Internet, eng Doudesfal

Zwielefjoereg ale Meedchercher dreeë 65 Joer Prisong - si wollte fir de Slenderman muerden

Alles wat déi zwee Meedercher wollten, war dem Slenderman ze gefalen. An dofir hunn si 19 Kéieren op hier Frëndin agestach.

D’Affer huet schwéier blesséiert iwwerlieft. Well d’Dot esou fuerchtbar war, huet den US-Riichter ordonéiert, datt kee Jugendstrofrecht gëllt. Hiert jonkt Alter wäert si net schützen – an och de Slenderman kann net hëllefen.

An den USA (an ënnerschiddleche Staaten) ass et esou, datt Kanner ab zéng Joer an a besonnesch schwéiere Fäll, als voll strofmëndeg ze gesi sinn. Fir dës Entscheedung huet de Riichter méi ewéi ee Mount Bedenkzäit gebraucht.

Et huet ganz harmlos mat enger Pyjamasparty ugefaangen – d’Affer wosst net, datt d’Täter méintelaang gebraucht hunn, fir d’Dot bis an de leschten Detail ze plangen. Dobäi gouf hatt an de Bësch gelackelt an hunn se mech Messer un him ausgetoobt. Dono ass d’Meedchen, wat um verbludde war, am Bësch leie bliwwen. Mat senger leschter Kraaft, huet hatt et bis op d’Strooss gepackt.

D’Täterinnen konnten e puer Stonnen duerno festgeholl ginn. D’Motiv haten d’Polizisten séier fonnt. Et ass een Internetphänomen an d’Säit nennt sech creepypasta.wikia.com.

Op dëser, hunn d’Meedercher alles iwwert de fiktive Slenderman gelies. Et ass e Mythos, dee vill Geschichten huet. Op jiddwer Fall, wollten d’Meedercher no der Dot mam Slenderman zesummeliewen. D’Verdeedegung vun den Meedercher argumentéiert, datt sech dës vum Slenderman bedreet gefillt hunn. Si hätten Angscht ëm sech an hier Familljen.

Dës Dot ass schonn am Joer 2014 passéiert.

Dernières nouvelles