Den Diesel ass nees méi bëlleg

Wärend sech bei der COP26 zu Glasgow iwwert de „Blabla“ an d‘Inaktioun vun de politeschen an industriellen Decideure geiergert gëtt, huet de gestresste Bierger zu Lëtzebuerg aner Suergen. Gas a Stroum kaschten ee Verméigen an och un der Pompel fänkt et un wéi am Portmonni ze doen.

Zanter Wochen hunn d‘Präisser op der Pompel eng eenzeg Richtung behäerzegt. Si klammen an et huet bekanntlech eng seriéis Tendenz zur Deierecht. Déi dierft am Kontext vun der CO²-Steier, déi jo am Januar nach emol ee Krack ugehuewe gëtt, och weider unhalen. Dat verhënnert net, datt et och weiderhi Fluktuatioune bei de Spritpräisser huet. Et heescht also vun de Baisse profitéieren.

Um Mëtternuecht huet et esou nees en „Ajustement“ beim Diesel ginn: dëse kascht elo nach 1,394 Euro/Liter (-2,4 Cent). De Bensinn dogéint, bleift weiderhin héich, also onverännert. Firwat an der Matdeelung zu de Spritpräisser, keng Präisugaben zum Stroum op den ënnerschiddleche Bornen am Land huet, dierft dem Fait geschëlt sinn, datt et de Verband vun de Spritverkeefer ass, deen iwwert déi am Land unhänglech Tariffer op den Tankstelle kommunizéiert.

Dat entsprécht esou net méi de Realitéiten um Terrain an ee Verband, dee jo Memberen huet déi d‘Energie „nei erfanne“ wëllen, sollt dëse Rechnung droen. Vläicht wier et awer méi generell eng Missioun déi säitens dem Energieministère vum Claude Turmes misst iwwerholl ginn. Anersäits kéint et dat vum Transportministère erwaarden, dee jo eigentlech fir d‘Mobilitéit zoustänneg ass.

Illustratioun: © Francesco La Corte / unsplash

Dernières nouvelles