Policeasaz bei den Demonstratiounen um Samschdeg

Datt et gëschter an der Stad Lëtzebuerg bei den anti Covid19-Mesure-Protester eppes ausgeaart ass, ass der Police net entgaangen, an si zitt am Policebericht en objektive Bilan.

Aus dem Rapport geet ervir, datt déi zwou Demonstratiounen – Glacis a Kinnekswiss – fusionéiert hunn, firwat eng erhéichte Policepresenz onabdénglech war. Si schätzt d‘Zuel vun de Participanten op ronn 2.000 Persounen. Et gëtt festgehalen, datt d‘Demonstratioun ufänglech ganz friddlech, wann och mat eppes Gejäiz vun der Kinnekswiss iwwert de Boulevard Royal gepilgert ass (15.30 Auer).

Vum Boulevard Royal gouf sech dunn a Richtung „Gëlle Fra“ dirigéiert, wou et zu den éischten Exactioune komm ass. D‘Manifestanten hu sech hei de CovidCheck-Reegelen „widdersat“, hunn d‘Barrièren entweder iwwerwonnen oder direkt ewech gerappt, fir sech Zougang ze verschaffen. Heibäi ass et zu liichten Ausschreidungen tëscht Police/Sécherheetsdéngscht a Manifestante komm.

Policeasaz
© Martine de Lagardère / moien.lu

D‘Police ass hei deseskaléierend virgaangen, obwuel d‘Ofspärung als Waff géint d‘Beamten agesat ginn ass. Well d‘Manifestanten sech de Wantermaart mat Gewalt ugëeegent hunn, gouf a Récksprooch mat der Buergermeeschtesch Lydie Polfer, d‘Schléissung vum Maart ugeuerdent. Dat well et net méi méiglech war, d‘CovidCheck-Reegelen anzehalen. Den Tross ass weidergezunn…

Hei war d‘Stëmmung duerch d‘Exactiounen opgehëtzt, a schonn um Wee bei d‘Chamber huet sech ofgezeechent, dat gëtt net méi einfach. Ausser datt de Verkéier zolidd behënnert gouf an et och hei „schlechte Beholl“ hat, gouf och fir Onrou bei de Geschäftsleit gesuergt. Well sech de Mobb dann opgedeelt huet – et si Leit Richtung Gar, an op d‘Plëss gezunn – hu missen Decisioune geholl ginn.

Op alle Mäert hunn d‘Bedreiwer missen de Rideau erofloossen. Et puer Manifestante sinn dann och virun de Wunnsëtz vum Premierminister Xavier Bettel zu Bouneweg gepilgert. Hei ass mat Eeër op d‘Fassad geworf ginn, an huet Vandalismus ginn. Wéi d‘Manifestanten „es genuch“ haten, sinn se zréck op d‘Kinnekswiss gelaf. All ee Samschdeg festgestallte Strofdote ginn zu Protokoll bruecht.

De Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox (déi gréng) huet sech bei der Direktioun vun der Police iwwert déi constatéiert Virfäll informéiert. Hien huet hei betount, datt et natierlech ee Recht op fräi Meenungsäusserung gëtt. De Minister huet awer och déi muttwëlleg Zerstéierung, déi vill Belästegungen an de Versuch Leit anzeschüchteren op dat schäerft verurteelt, esou d‘Police.

Policeasaz
Dernières nouvelles