D’Demonstratioun vum Samschdeg – méi friddlech ewéi an der leschter Woch

De Samschdeg war erëm eng geplangten Demonstratioun um Glacis.

Ewéi schonn an der leschter Woch huet d’Police hier Präsenz staark verstäerkt, fir déi ëffentlech Uerdnung an d’Sécherheet vun onbedeelegte Bierger ze garantéieren.

Dobäi kann ee wuel vu Gléck am Ongléck schwätzen. Bei deem Mann, deen an der leschter Woch ee Polizist mat engem Knuppert ugegraff huet, gouf eng Hausduerchsuchung duerchgefouert. Dobäi si Waffen, Munitioun, Sprengstoff a weider Knupperte fonnt ginn.

Géint 13:30 Auer ass d’Demonstratioun lassgaangen. Eng kleng Grupp vun Demonstranten huet sech um Demonstratiounsfeld um Glacis erëmfonnt.

No gutt 45 Minutten huet méi ee gréissere Grupp vun ongeféier 100 Persoune sech op de Wee gemaach. Si sinn vun der Garer Plaz lassgaangen. Dobäi ass deen Cortège vun der Police begleet ginn. De Moment koum et zu Spärunge vu verschiddene Stroossen.

De Cortège ass och laanscht de Wantermaart getrëppelt. Dësen huet awer net missen zoumaachen.

Géint 15:30 Auer sinn d’Demonstranten schlussendlech um Glacis ukomm. Dobäi huet ee klenge Grupp probéiert d’Demonstratiounsfeld ze duerchbriechen a sech a Richtung Zentrum ze beweegen. De Grupp ass net wäit komm a konnt op der Avenue de la Porte-Neuve ouni Tëschefäll vun der Police ugehale ginn. Si sinn fräiwëlleg an d’Demonstratiounsfeld zeréckgaangen. Natierlech net ouni « Liberté » ze jäizen.

Eng Véierelsstonn dono ass et zum zweete Versuch komm. Allerdéngs goufen dës Kéier zwou Persoune verhaft.

Um 17 Auer hunn nach ronn 50 Demonstrante friddlech demonstréiert. Wärend der Demonstratioun, déi dëse Samschdeg méi friddlech verlaf ass, war och dës Kéier de Kreesverkéier Schuman fir de Verkéier gespaart.

Bis zur Opléisung goufen am Ganzen eng hallef Dose Persoune vun den Autoritéite festgeholl. D‘Demonstratioun war méi oder manner roueg, awer haart. Emotiounsgelueden. Honnerte vu Stëmmen hunn fir hier Rechter gekämpft – an dat net grad lues.

Dës weideren ass d’Police nach an der Stad bliwwen, fir weiderhi Sécherheet ze vermëttelen – a wann néideg anzegräifen. Et bleift ofzewaarden, ewéi et an den nächste Wochen a Méint weidergeet. Esou net, dat ass op jiddwer Fall sécher.

Wa Problemer sollten optrieden, soll d’Bevëlkerung net zécken an den 113 uruffen.

Dernières nouvelles