Dem Kleeschen säin Zauber

A wéini hält en op?

Wien huet als klengt Kand net un de bäertege Mann gegleeft? Warscheinlech si mir sengem Zauber all verfall.

Ech erënnere mech un d‘Opreegung an d‘Freed, wa mir moies fréi eisen schéin gedeckten Dësch gekuckt hunn. Mir ware wuel méi brav, wéi geduecht. An den Houseker? Deen huet net opgepasst – de Schlitt war e bësse schwaarz. Hien huet e wuel mat sengen dreckege Fanger ugepaakt. Haut weess ech, datt de Schlitt ganz einfach nieft dem Kuelen am Keller louch.

Wa mäi Meedche vu sechs Joer un de Kleeschen denkt a vun him schwätzt, blénke seng Aen. Ech froe mech, ewéi laang dat nach unhält. Kleesercher a- Chrëschtlidder gehéieren zum Wanter, ewéi Glühwäin, Eggnog a Schnéi.

Mee d‘Fro vum Kleesche senger realer Existenz muss all Famill fir sech selwer entscheeden. Allerdéngs kënnt et schonn drop un, ob d‘Kand d‘Wourecht aus der Grondschoul mat heem bréngt oder ob d‘Elteren d‘Kaarten op den Dësch leeën.

All Famill a Kand ass anescht, a genee dat ass och déi gesichten Äntwert. Et gëtt kee Richteg oder Falsch. Jiddweree soll mat senge Kanner esou kommunizéieren, wéi en et fir richteg hält. D‘Kand soll sech wuel fillen, an d‘Gespréich éierlech sinn.

Dacks gëtt gefaart, d‘Kanner kéinten enttäuscht oder rose sinn, wann si dës Illustratioun geholl kréien. Ma bei mir war et anescht. Ech weess net méi, wat meng Mamm mir gesot hunn, mee ech erënnere mech un dat opreegend Gefill – d‘Kribbelen am Bauch an d‘Vertrauen. Ech war grouss a staark. Ech gouf an ee Geheimnis vun der erwuessener Welt ageweit. Ech hunn misse versprieche, méi jéngere Kanner näischt ze soen, ech hunn den Zauber oprechterhalen.

Dowéinst gëtt et och kee perfekten Zäitpunkt fir d‘Kanner opzeklären. Et muss sech fir all Bedeelegte gutt ufillen. A ganz éierlech? E bësse Fantasie huet nach kengem geschuet.

Kanner hunn jo och lieweg Poppen a Petzien. Dës gi gefiddert, geheemelt an an d‘Bett geluecht. Mat der Zäit wuessen si aus dëser Phas eraus. Also ass et besser, de Kanner de Glawen net ewech ze huelen – mee se och net uléie, wann onbequem Froe sollten opkommen.

Kommunikatioun ass alles.

A wie weess, villäicht ass d‘Kand souguer e bëssen houfreg e Stéck méi zu der erwuessener Welt ze gehéieren – a wa jénger Gesëschter do sinn, kann et dem Kleeschen eventuell e bëssen hëllefen?

Dernières nouvelles