Déidlech Äermelkanal-Passage

Eng Nossschuel mat Migranten/Flüchtlingen ass beim Versuch vu Frankräich a Groussbritannien ze gelaangen ënnergaange, mindestens 27 Mënschen erdrénken

Déi meescht vun de Migranten/Flüchtlingen déi vu Calais an Ëmgéigend aus de Versuch ënnerhuele fir déi brittesch Inselen ze erreechen, hu fir déi meescht schonn „alles erlieft“. A wien d‘Mëttelmier iwwerwonnen huet, léist sech net vum ronn 40 Kilometer breeden Äermelkanal beandrocken.

Et ass jo esouwäit – bezunn op den Äermelkanal – alles gutt gaangen, zumindest huet et bis ewell keng Tragedie vun dësem Ausmooss gehat. Wat elo d‘Informatioune betreffend d‘Affer ugeet, esou ass dat alles komplizéiert. Dat 27 Mënschen erdronk sinn, huet de franséischen Inneminister Gerald Darmanin matgedeelt. Et dierften awer wesentlech méi Affer ze bekloe sinn, mee wäert ee mussen drop waarden datt d‘Mier se nees hiert gëtt.

Äermelkanal
Bei de brittesche Faschiste verpasst ee keng Geleeënheet d‘Opportunitéiten esou ze ergräife wéi se sech ubidden. Hei gëtt sech och ganz oppen iwwert all Migrant/Flüchtling deen erdrénkt gefreet. A jo esou eppes ass och politesch gewollt.

Den Alarm war vun engem Fëscherboot ausgaangen, deen den Autoritéite gemellt huet, datt eng 15 Kilometer vu Calais ewech, eppes wéi ee Boot gekentert ass. De Fëscher huet uginn, datt sech bis zu fofzeg Leit op dëser Embarcatioun kéinte befonnt hunn. Mat Schëffer an Helikopter ass direkt eng Rettungsaktioun an d‘Wee geleet ginn. Leider verzeit d‘Mier keng Feeler an den Äermelkanal ass och roueg kee „friddlecht“ Gewässer…

Zudeem läit d‘Waassertemperatur ëm dës Joreszäit ënner 10°C, wat bedeit, datt wien dodra fält, eng Stonn iwwerliewe kann, iert d‘Hypothermie d‘Luuchten aus mécht. An dës Fauschtreegel gëllt fir Mënschen déi fit a bei gudder Gesondheet sinn. Dës Mënschen haten, wéi d‘Schëff ëmgekippt ass, keng realistesch Iwwerliewenschancen, och wann d‘Katastroph vun engem Fëscher zäiteg konnt den zoustännegen Autoritéite gemellt ginn.

Äermelkanal
Déi ganz Inkompetenz vum franséische Premierminister Jean Castex, resuméiert an engem eegenen Tweet. Dat kann een net erfannen, an datt hien ee Gedanke fir Migranten/Flüchtlinge verschwent, ass och gelunn….

Et konnten dann awer och nach Migranten/Flüchtlingen „gerett“ ginn. Mënschen an engem ganz schlechten Zoustand sinn an d‘Spideeler iwwerfouert ginn. Et wier nach ze fréi sech iwwert hir „Chancen“ ze äusseren, esou déi lescht Informatioun um spéide Mëttwochowend. Parallel dozou huet d‘Police – et brauch (politesch gefuerdert) Resultater – véier Persoune verhaft, déi verdächtegt ginn, d‘Iwwerfaart organiséiert ze hunn…

Reaktioun aus der Downing Street Number 10

Wärend d‘Vertrieder vun der franséischer Regierung schénge méi beméit ze sinn, sech duerch dës Tragedie „Flecken op der wäisser Vest“ ze vermeiden, huet sech de brittesche Premierminister zu London misse Positionéieren. „Ech si Schockéiert, entsat an zudéifst betrüübt“, esou dem Boris Johnson seng éischt Reaktioun op d‘Noriicht. Hien huet dann och eng Drénglechkeetssëtzung vum nationale Sécherheetskabinett aberuff.

Äermelkanal
De franséischen Inneminister Gerald Darmanin huet sech nach gëschter Owend bei de Leit vun der SNSM fir hiren onermiddlechen Asaz bedankt. © Ministère de l‘Intérieur

D‘Britten an d‘Fransousen haten am Summer, am Kontext vun dësen onendleche versich illegal an den Empire anzewanderen, en neit Kooperatiounsofkommes vereenbaart, fir eben esou Tragedien ze verhënneren an d‘Iwwerfaarte mat dësen Nossschuelen „an de Grëff ze kréien“. Déi brittesch Inneministesch Priti Patel, well jo hirersäits näischt onversicht loossen, fir d‘Invasioun vun dësen onerwënschten Hongerleider ze stoppen.

Si hat widderholl annoncéiert, d‘Iwwerfaarten ze beendegen. Eng net wierklech realistesch Ausso, woubäi et natierlech och méi ëm Politik geet, wéi dat sech op d‘Fakten an d‘Tatsaache vum richtege Liewe géif bezu ginn. A jo, et ass irrelevant, datt hei vu Mënsche rieds ass, well wann et net drëms goe géif, déi bekannt Interessen ze vertrieden, hätt et längst Léisungen. Si huet elo d‘ Verschäerfung vun den Asylreegelen ugekënnegt…

Äermelkanal

Interessant nach de Constat, datt ee sech politesch béidersäits dem Äermelkanal eens ass, datt un dëser Katastroph eenzeg an eleng d‘Schleiser schold hunn. Dës géifen tëscht 1.000 an 10.000 Euro (Pro Persoun) fir eng Iwwerfaart verlaangen, se am däischtere lassschécken an da sech selwer iwwerloossen. Dat méiglecherweis eng verfeelten Asyl- a Migratiounspolitik dës „Alternativen“ erausfuerdert, sollt een besser net soen.

mat indymedia/lil/par/lon

Dernières nouvelles