An du koum dee vun der Millen

Mir wësse jo net wéi et iech esou mam Kalenner ergeet, mee bis heihinner war scho vill Diversitéit gebueden an dat soll am Kontext vun engem Béier-Adventskalenner wuel esou sinn. D‘Villfalt vum artisanale Béier am Land ka sech weise loossen, firwat mir net nëmme Finanzplaz an Digital Nation sinn, mee och d‘Heemescht vun der (klenger) Braukonscht. An dir sidd en Deel dovunner…

Hannert der zéngter Paart vum Béier-Adventskalenner verstoppt sech dann och nach emol eppes liicht méi Exquisites: de Mille Béier vun der Iechternacher Brauerei, dee ganz speziell fir d‘Konsdreffer Millen (Le Moulin de Consdorf) gebraut gëtt. Et ass also eng weider „Hausmark“, woubäi d‘Millen an d‘Brauerei quasi „eng Famill“ sinn. De Mille Béier ass esou authentesch wéi de Restaurant.

Beim Mille Béier hu et nees mat engem Naturdréiwen ze dinn, dee ganz am Aklang mam däitsche Reengheetsgebuet gebraut gouf an 5,1% Alkoholgehalt Opweises huet. Hien ass douce a ganz bekëmmlech, huet eng ganz agreabel broudeg Nout an eng schéi Kroun. Dësen „Helle“ Béier bréngt Sonn an d‘Glas a bitt sech fir vill Geleeënheeten un, vum Apero bis zum gastronomesche Plat.

Well hie liicht „Herb“ ass, passt e wonnerbar zu gehäerzte Platen, woubäi… als Begleedung beim enger gesonder Portioun „Judd mat Gaardbounen“, engem Plat Kniddelen an engem Wupp an der Moschterzooss, huet eis de Mille Béier d‘Dëschdecken ënnert dem Teller erausgezunn. Gutt, ass elo net déi beschte Metapher, mee dir wësst wat gemengt ass. Jiddefalls mam Mille Béier kann een de Patt Wäin si loossen, wat awer net heesche soll et géif kee gudde Miseler op der Mille gebueden.

Mee hei geet jo ëm Béier, an zwar een aus dem ieweschte Regal. De Mille Béier gëtt nëmme mat beschtem Happ a Malz gebraut, esou wéi et d‘Traditioun verlaangt. Hie sollt bei gudde 6°C op den Dësch kommen, mat Respekt an a moderater Mooss gedronk ginn. De Mille Béier ass zudeem ee ganz gudde Grond sech d‘Kaart am Restaurant zu Gemitt ze féieren. D‘Zäit bitt sech jo hei och un.

Dernières nouvelles