Dee leschte bäissen d‘Hënn

Bannent dem nationale Verband vun den Infirmiere fänkt et liicht u mat Ramoueren. Jee no Land befanne mir eis an der 4. oder schonn an der 5. pandemescher Well, an a punkto Stëmmung war et schonn emol besser.

Nee et ass ausnamsweis net rieds vun de „Marcheuren“ an/oder de ville Mënschen déi fir d‘Impfen an aschränkend Mesure sinn, déi zuweilen eppes vill Plaz ageraumt kréien. Tëscht de Fronte stinn dausenden Infirmieren, egal ob am Spidol oder an den Alters- a Fleegeheemer. Bei der éischter Well gouf hinnen „applaudéiert“, ee Gest dee Respekt zum Ausdrock brénge sollt… D‘Zäiten hu sech elo geännert, d‘Problemer vun dësem Beruffssecteur leider net.

An den elo bal zwee Joer, wou d‘Kris sech hält, huet d‘Politik vill „Problemer erkannt“ an wéi et sech gehéiert, Remedur versprach. De Beruff misst valoriséiert ginn (blabla), et sollt een op méi grenziwwerschreidend Kooperatioun hischaffen (blabla)… passéiert ass séier wéineg, den Dialog gëtt eesäiteg gefouert an esou ganz niewebäi, schéngt ee politesch d‘Privatiséierung vum Secteur unzestriewen. Bei der ANIL sëtzt d‘Enttäuschung ganz déif.

Säitens der ANIL-Presidentin Anne-Marie Hanff gëtt elo de politesche Refus – hire Fuerderungen nozekommen – denoncéiert. Si constatéiert datt et scho virun der Pandemie net gutt ëm de Beruff bestallt war, an d‘Pandemie de bestoende Frust an eng nei Dimensioun gefouert huet, firwat dann och ëmmer méi Infirmieren opginn. Fir méi an den Detail vun den Ursaachen ze goen, gouf jo hei d‘Etüd „Lëtz Care“ mat der Uni Lëtzebuerg lancéiert.

Schonn am leschte Fréijoer hat et intern en éischte „Sondage“ ginn. Hei goufen d‘Membere befrot wat si am Beruff hält, respektiv si motivéiert sech nei ze orientéieren. Zanterhier huet sech villes gedoen, allerdéngs näischt wat een als positiv oder léisungsorientéiert kéint bezeechnen. A wann d‘Politik keng Politik mécht, muss een als Acteur vun der Zivilgesellschaft politesch ginn. Wéi dat ausgesäit, dozou huet d‘ANIL eng genau Virstellung.

Unhand der leschter Etüd (déi aus dem Fréijoer) an där déi elo ugelaf ass, an där hir Resultater Ufank 2022 dierfte virleien, sollen dann nach emol an enger Aarbechtsgrupp déi gréisste Problemer erausgefiltert ginn. Ass dat gemaach, soll nach emol ee Fuerderungskatalog ausgeschafft ginn. Nieft der Analys vun den Daten, wäert d‘ANIL sech mat de Walprogrammer befaassen. Ob et zu enger Walempfeelung hirersäits kënnt ass nach net gewosst.

Dernières nouvelles