De Klabes gezéckt an ausgeraibert

Wéi d‘Police de Moie mellt, ass et zu Rodange an Strooss vum Schwaarze Buedem kuerz no Mëtternuecht zu engem bewaffenten Iwwerfall op ee Chauffer vun engem Liwwerdéngscht komm. Laut deem wat gewosst ass, gouf de Chauffer vun zwee Brigangen ugegraff. Dës sollen dem Mann e Klabes virgehalen an zur Erausgab vum Goss opgefuerdert hunn. De Mann ass dëser Nofro aus Mangel un Optiounen dann och nokomm. Wéi d‘Brigangen hate wat se wollten, hu si sech a Richtung Péiteng ofgesat. Béid kriminell Individuen haten d‘Gesichter mat engem Halsduch verdeckt. D‘Enquête, respektiv d‘Sich no dësen dauert zur Stonn nach un.

Dernières nouvelles