De Cowboy warnt de Panda: „looss et net op ee Konflikt ukommen“

Washington a Peking hunn zwar de facto keng Absichten een op deen anere Récksiicht ze huelen, firwat dann och den Joe Biden beim virtuelle Meeting mam Xi Jinping, dësen nee gezësst huet. D‘Chinese sollten am Kontext vun der konfliktueller Handelsbezéiung hir Gefiller an Ambitiounen am Grëff behalen, an dat Ganzt net zum Konflikt ausaarte loossen, esou den US-President.

Am offizielle Wuertlaut vum Wäissen Haus heescht et: „Et läit an eiser Verantwortung, datt de Konkurrenzkampf tëscht eisen Natiounen, net an engem Konflikt endegt, egal ob mat absichtlech oder onabsichtlech“. Datt dann awer grad den amerikanesche President fuerdert, datt sech all d‘Länner un déi selwecht Spillreegelen ze halen hätten, muss wuel der Ironie zouzeschreiwe sinn.

Bis ewell hu bal ausschliisslech d‘Amerikaner hir Verträg eesäiteg gekënnegt oder mat Sanktiounen déi eege Wirtschaftsintressen och géint hir traditionell Partner ëm- an duerchgesat. De Joe Biden huet dem Xi Jinping allerdéngs och nach emol erkläert, datt d‘USA ëmmer (wann et passt) fir d‘Wäerter an d‘Interesse vun engersäits den Amerikaner, an anersäits de Partner antriede wäerten.

De Xi Jinping schéngt d‘Diskussioun mat eppes méi Pragmatismus ugaangen ze sinn, jiddefalls gëtt hie vu senge Staatsmedien als „kompromëssbereet“ duergestallt. Hi soll dem ale Mann Bereetschaft signaliséiert hunn, nees méi frëndschaftlech (gemengt ass allerdéngs hei eng strikt profitorientéiert Handelsbezéiung) matenaner ëmgoen ze wëllen. Dat wéinst de ville globalen Erausfuerderungen…

Wat si decidéieren, ass Gesetz!

Als gréisste Vollekswirtschaften, déi jo och den Toun am UN-Sécherheetsrot uginn – firwat do säit laangem de Konsens vëlleg bei der Däiwel ass – sollten dës Natiounen international Verantwortung iwwerhuelen. De Joe Biden soll sech fir Leitplanke vum gesonde Mënscheverstand staark gemaach hunn. Leider ass bewisen, datt Amerikaner a Mënscheverstand sech diametral géinteniwwer stinn.

Trotzdeem kann een unhuelen, datt d‘Propos sech drop ze verstännegen, wou ee sech net wëll eens ginn, a wou et eventuell wirtschaftspolitesch Beréierungspunkten huet, valabel ass. Dat am Kontext vun de Verflichtunge betreffend d‘Covid19-Pandemie an de Klimawandel, wéi wuel och betreffend de Weltfridden. Elo muss awer berécksiichtegt ginn, dat et bis heihinner politescht Gebraddels ass.

Fakt: De Cowboy gesäit am Panda de mächtegste Konkurrent, an déi gréisste geopolitesch Gefor, bezunn op d‘Uspréch an d‘Gängelung vu Staaten, wéi d‘Installatioun vu faschistoiden Diktaturen. Och de Joe Biden wëll datt d‘Welt d‘USA als Leader an als globale Legislateur unerkennt, an just déi amerikanesch Definitioun vum Demokratie a Liberalismus, vun der Welt soll iwwerholl ginn.

mat indymedia/was/nyc/tpe

Fotomontage: © Chris Curry (Panda) & Daniel Lloyd Blunk-Ferandez (Cowboy) / unsplash

Dernières nouvelles