De Bas geheit d‘Handduch

De frëndleche Moderator vu Bas.TV an Entrepreneur, dee sech vill Meenungsvillfalt asetzt an esou och de „Point de Vue“ vun den Impfgéigner, respektiv Mënschen déi sech géint d‘Mesure vun der Regierung am pandemesche Kontext verbreet huet, firwat dësen net onëmstridden ass, huet déi net sengem demokratesche Versteesdemech entspriechend Demonstratioun vum leschte Samschdeg als Ulass geholl, eng seriéis Entscheedung ze treffen.

Bas

An engem Post hunn de Bas Schagen elo erkläert, datt hien sech aus den (a)sozialen Netzwierker erauszitt. Eng Entscheedung déi eise Respekt ofverlaangt. Et ass dobäi irrelevant, wéi een zu senger Emissioun steet.

Nach hu mir keng – wéi leider vun de Mouvementer behaapt gëtt – Diktatur an et kann een net zouloossen, datt d‘Demokratie duerch d‘Instrumentaliséierung vu geeschtleche Brandstëfter a Gefor bruecht gëtt. Gutt esou…

An dësem Kader huet de Bas Schagen gëschter Owend nach e Pressecommuniqué erausginn, an deem hien ugekënnegt huet, all seng Aktivitéiten op de sozialen Netzwierker an op Bastv.lu ze suspendéieren. Dora beschreift hie virgeworf ze kréien, fir déi gewalttätegen Iwwergrëffer bei der Demo um Samschdeg matverantwortlech ze sinn.

Doduerch, a well hien a senger Sendung Mënschen zu Wuert komme gelooss hunn, déi a Saache Pandemie net ëmmer d’Meenung vun der grousser Mass vertrueden hunn, géif hie verurteelt a bedreet ginn. Säi ganzen Text fannt Dir HEI.

Dernières nouvelles