Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 20. bis de 26. Dezember 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch 2.688 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Ënnert dësen neien Infektioune läit den Inzidenztaux vun den nei geimpfte Persoune bei 623,89 pro 100.000 Awunner an 328,44 pro 100.000 Awunner, déi ee vollstännegen Impfschema haten. Dobäi muss gesot ginn, datt déi netgeimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 32,9 Joer.

Et goufen 25.070 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 30.922 Tester, se sinn erofgaangen. 78 Schnelltester ware positiv.

Den 26.Dezember goufe 5.479 aktiv Infektioune gemellt, den 19. Dezember waren et 5.414. Am Ganzen ziele mir 93.328 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 6 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 85 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,92 – en ass soumat liicht erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 10,72%.

D’Inzidenz läit bei 423 Fäll pro 100.000 Awunner. Andat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 430/100.000. An de Spideeler ass d’Situatioun onverännert. Et sinn 47 Patienten op der normaler Statioun an 19 Patiente ginn intensiv behandelt.

Et waren 6.000 Persounen an Isolatioun, 3.210 hu sech a Quarantän befonnt.

Impfungen: An der Woch vum 20. bis de 26. Dezember gouf am Ganzen 31.520 mol geimpft. Dovunner krute 1.834 Persounen hier zweet Dosis – an 26.746 Persounen kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 442.896 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichte Präsens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen, genee ewéi an den zwou leschte Wochen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e viirsichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Dernières nouvelles