Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 6. bis den 12. Dezember 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch ronn 2.593 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Ënnert dësen neien Infektioune läit den Inzidenztaux vun den nei geimpfte Persounen bei 653,18 pro 100.000 Awunner an 287,57 pro 100.000 Awunner, déi ee vollstännegen Impfschema haten. Dobäi muss gesot ginn, datt déi net geimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 33,4 Joer.

Et goufen 30.536 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 30.274 Tester, se sinn liicht eropgaangen. 41 Schnelltester ware positiv.

Den 12. Dezember goufen 5.341 aktiv Infektioune gemellt, de 5. Dezember waren et 5.098. Am Ganzen ziele mir 88.067 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 9 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persounen läit bei 72 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,98 – en ass soumat liicht erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 8,49%.

D’Inzidenz läit bei 408 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 425/100.000, den Taux ass e bësse gefall.

An de Spideeler ass d’Situatioun e geklommen. Et sinn 55 Patienten op der normaler Statioun an 23 Patiente ginn intensiv behandelt.

Et waren 5.696 an Isolatioun, 7.051 hu sech a Quarantän befonnt.

D’Plaz wou sech meeschten ugestach gëtt ass mat 37,8% de Familljekrees. Dono kënnt d’Educatioun mat 15,3%, d’Aarbecht ass mat 5,5% dobäi an d’Fräizäit mat 3,7%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 32,8%.

Impfungen: An der Woch vum 6. bis den 12. Dezember gouf am Ganzen 36.087 mol geimpft. Dovunner kruten 3.203 Persounen hier zweet Dosis – a 28.181 Persoune kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 437.351 Persoune si vollstänneg geimpft.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichte Presens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen, genee ewéi an de leschte Wochen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Dernières nouvelles