Corona verschlechtert d‘Lag vun de Kanner

Et gëtt bal keng Aarbecht a keng Schoul, esou gesäit et leider a villen Entwécklungslänner aus. An enger Etude vun der Kannernouthëllef hunn déi Betraffe, ganz oppen iwwert hier Situatioun an Erfarungen no engem Joer Pandemie geschwat.

Well d‘Lag sech nawell drastesch verschlechtert, notzt d‘Kannernouthëllef de Weltdag vun de Kannerrechter, deen muer, den 20. November stattfënnt, fir dorunner ze erënneren.

Et ass eng Tatsaach, datt d‘Pandemie vill Affer mat sech bruecht huet. D‘Aarmut verstäerkt sech, Kanner ginn a schlecht bezuelten Aarbechte gedriwwen. Dës weideren ass den Zougang zur Bildung verschlechtert. Dat ass batter, zemools wann ee bedenkt, a wéi engem Zäitalter mir liewen.

Och Experte warnen, datt dës Situatioun drastesch Konsequenze mat sech zéie wäert. Kanneraarbechter ginn net méi geschützt, d‘Fërderung an d‘Entwécklung gëtt ëm Joerzéngten zeréckgehäit.

D‘Kannernouthëllef huet schonn am leschte Joer, zesumme mat aneren Organisatiounen a sechs Länner eng Etude op d‘Auswierkunge vun der Coronapandemie op d‘Liewe vun dëse Kanner a Jugendlechen duerchgefouert.

D‘Resultater erschrecken, souwuel déi vum leschten, ewéi och vun dësem Joer. Befrot goufen ënnert anerem Kanner a Familljen aus Bolivien, Guatemala, Indonesien, Kenia, de Philippinnen a Sambia.

„Elo gëtt et keng Aarbecht méi, well vill Geschäfter a Fabricke wéinst der Pandemie zougemaach hunn,“ erzielt een 13 Joer ale Maartverkeefer aus Bolivien. Do kann hien nach „vu Gléck“ schwätzen.
An anere Länner ass et vill méi schwéier iwwerhaapt eng Aarbecht ze fannen. Duerch de Lockdown si vill Entreprisë Faillite gaangen. Et ass en Däiwelskrees, déi wéineg Aarbechtsofferen erhéichen den Ausbeutungsrisiko.

Ee weidere Problem ass d‘Motivatioun. Vill Jugendlech froen sech, firwat si iwwerhaapt zeréck an d‘Schoul solle goen.

„D’Kanner sinn esou un d‘Aarbecht gewinnt, datt si keng Loscht méi hunn, weider an d‘Schoul ze goen,“ bestätegt eng Mamm aus Indonesien. Zu Guatemala huet de Gesondheetsministère fir 2020 eng Hausse vu 40 bis 60 Prozent Schoulofbréch registréiert. An esou wäert et leider weidergoen. Dës weideren huet sech och déi medezinesch Versuergung verschlechtert.

„Mir gi scho laang net méi a Gesondheetszentren – aus Angscht eis unzestiechen,“ erzielt eng Verkeeferin aus Guatemala. Ee weidere Problem ass, datt zum Zäitpunkt vun der Etude nach keng vun de Familljen geimpft war.

Hei kënnt dir an d‘Etude eraliesen.

Dernières nouvelles