Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 21. bis de 27. Februar 2022

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch 4.670 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Ënnert dësen neien Infektioune läit den Inzidenztaux vun den nei geimpfte Persoune bei 754 pro 100.000 Awunner an 728,6 pro 100.000 Awunner, déi ee vollstännegen Impfschema haten.

Dobäi muss gesot ginn, datt déi net geimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 33,8 Joer.

Et goufen 17 551 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 15 271 d’Tester, se sinn liicht eropgaangen. 47 Schnelltester ware positiv.

Den 27. Februar  goufe 8.468 aktiv Infektioune gemellt, den 20. Februar waren et 9.747. Am Ganzen ziele mir 173.717 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 7 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 79 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,03 – en ass soumat ganz liicht eropgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 26,61%.

D’Inzidenz läit bei 736 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 575/100.000.

An de Spideeler ass d’Situatioun e stabil. Et sinn 21 Patienten op der normaler Statioun an 7 Patiente ginn intensiv behandelt.

Impfungen: An der Woch vum 21. bis de 27. Februar gouf am Ganzen 5.296 mol geimpft. Dovunner krute 1.531 Persounen hier zweet Dosis – an 2.643 Persounen kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 468.692 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

D’Plaz wou sech meeschten ugestach gëtt ass mat 24,6% de Familljekrees. Dono kënnt d’Educatioun mat 3,6%, d’Reesen mat 22,8, d’Aarbecht ass mat 2,3% dobäi an d’Fräizäit mat 5,3%. Den Taux, deen kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 37,03%.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichte Präsens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen, genee ewéi an den zwou leschte Wochen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST-Websäit gekuckt ginn.

Dernières nouvelles