« Ciao Luca » – Déi nei Single vum Luc Spada

De Luc Spada ass ee Mann mat villen ënnerschiddlechen Talenter. Nieft senger Schreifkonscht, huet hien mat der Musek eng weider Passioun fonnt. Ma och hei spille Wierder ee wichtege Message. Mat « Ciao Luca » huet de Museker seng véiert Single erausbruecht. De kompletten Album gëtt den 19. November verëffentlecht.

Dobäi muss gesot ginn, datt d’Single « Ciao Luca  » eis ee Bléck op een aneren, onbekannte Luc Spada erlaabt. Mat wéinege Wierder begleede mir hien op eng Rees, déi sécherlech net einfach war. De Luc Spada hëlt eis mat a seng Vergaangenheet, et ass een kuerzen Ausfluch an en anert Liewen – ee Liewen, wat leider mam Doud verbonnen ass.

Et ass en Hommage, den nawell un d’Häerz geet an eis weist, datt Konscht – a wéi enger Form och ëmmer – Therapie an een Anker ass. An dat ass tréischtend. Keen ass eleng. An dëst musikalescht Wierk ass de Beweis dofir.

« Et gëtt dëse Sproch: D’Hoffnung stierft fir d’lescht. Ech hu mäi Papp jorelaang bei sengem Kampf géint de Kriibs begleet. An zum Schluss ass d’Hoffnung trotzdeem gestuerwen a mäi Papp och. Keen Happy-End. Dëse Kampf huet eis zesummegeschweesst, iwwert d’Liewen an den Doud eraus. ‘Ciao Luca’ erzielt dës Geschicht. »

Merci, Luc!

Hei kënnt Dir de Luc besser kenneléieren:

Dernières nouvelles