Chrëschtdag 2021: Ried vu S.A.R. dem Groussherzog

Léif Matbierger,

Eis Gesellschaft stoung och dëst Joer nees virun enormen Erausfuerderungen. Dofir sollte mir äis an dëse Chrëschtdeeg un déi Wäerter erënneren, déi fir eist Zesummeliewe wierklech wichteg sinn: Hëllefsbereetschaft, Matgefill, Solidaritéit a Respekt. Déi Wäerter brauche mir grad haut, wou d’Pandemie nach ëmmer present ass, an eisen Alldag beaflosst.

Mir léiere besser mam Virus ze liewen a mir passen eis un. Duerch déi enorm Efforte vun der Wëssenschaft an der internationaler Zesummenaarbecht, konnten Impfstoffer a
Medikamenter entwéckelt ginn, déi et erlaben, de Virus lues a lues ze meeschteren.

De Wee dohin ass laang, och well de Virus ëmmer erëm zu neie Variante mutéiert. Dofir ass e kollektiven Effort néideg, a mir musse weiderhin alleguer eis Responsabilitéiten huelen.
D’Solidaritéit an eiser Gesellschaft bleift essentiell. Dëst Zesummenhalen, ee fir deen aneren do sinn, hu mir schonn e puer Mol an eiser Geschicht gewisen. Och haut ass et wichteg, datt mir eis Famill, Frënn, Noperen, Bekannten oder och Leit, déi mir net kennen, ënnerstëtzen.

Zesumme mat der Grande-Duchesse soen ech e ganz grousse Merci un all déi Leit hei am Land, déi sech besonnesch asetzen, fir datt mir aus dëser aussergewéinlecher Situatioun
erauskommen.

Et muss äis ze denke ginn, dass och an eisem Land vill Leit et schwéier hunn. Aarmutt gëtt et och zu Lëtzebuerg. Mir stinn an der Verflichtung als Gesellschaft, déi Mënsche besonnesch z’ënnerstëtzen, an hinnen eng Hand ze reechen.

Déi Solidaritéit brauche mir och weltwäit, well mir sëtzen all am selwechte Boot, a mussen de Virus a seng Konsequenze global meeschter ginn.

Mir däerfen net vergiessen, datt de Virus weltwäit nach ëmmer all Dag Dausenden Doudesaffer fuerdert. D’Impfunge sinn den eenzege Wee, fir d’Pandemie ënner Kontroll ze kréien.

Léif Matbierger,

An enger Demokratie huet natierlech jiddereen e Recht op seng Meenung, a jiddereen ass fräi, fir sech selwer ze decidéieren. Mee et muss ee sech bewosst sinn, datt deem Enge seng Fräiheet do ophält, wou deem Anere seng ufänkt. An zu där Fräiheet gehéiert och d’Sécherheet an d’Gesondheet vu jidderengem.

Mir mussen an eiser Gesellschaft kënnen éierlech an oppen iwwer kontrovers Theme matenee schwätzen: mat Toleranz an am Respekt fir verschidde Meenungen. Mir brauchen eng objektiv, op Fakte baséiert Diskussioun. Nëmmen esou fanne mir e Konsens op komplex Froen, déi fir déi nächst Generatiounen a fir eis Zukunft wichteg sinn. An Decisiounen, déi am demokratesche Prozess geholl goufen, mussen dann och ëmgesat ginn.

Demokratie heescht, d’Decisioune vun der Majoritéit ze respektéieren. Et ass inakzeptabel an de falsche Wee, mat Gewalt wëllen dorun eppes ze änneren. Gewalt ass ni eng Léisung, a gëtt an eisem Rechtsstaat net toleréiert.

Léif Leit alleguer,

D’Gesondheetskris steet zanter dem Ufank vum leschte Joer zu Recht am Mëttelpunkt. Mee déi aner grouss Defie sinn net verschwonnen. Dir wësst, datt de Klimaschutz mir besonnesch um Häerz läit, an ech weess, dass et Ville vun Iech d’selwecht geet. Déi terribel
Iwwerschwemmungen, déi dëst Joer vill Leed iwwer eist Land an d’Groussregioun bruecht
hunn, sinn eng weider Illustratioun, datt mir dréngend agéiere mussen.

Säit der Industrialisatioun sinn duerch Technologie an Innovatioun immens Fortschrëtter
gemaach ginn. Eise Planéit huet awer iwwer all déi Joren och staark ënnert dëser rasanter
Entwécklung gelidden.

Vun der UNO Klimakonferenz zu Glasgow hat ee sech sécher méi erhofft, an trotzdeem sinn am November wichteg Decisioune geholl ginn, déi elo mussen ëmgesat ginn. Dat gëtt net einfach, mee och hei musse Léisunge mat Courage an Determinatioun fonnt ginn.

Ech schwätze reegelméisseg mat jonke Leit a sinn impressionéiert vun hirem Wëssen an hirem Realismus, awer virun allem vun hirem enorme Wëllen an Engagement, sech fir eng méi nohalteg Welt anzesetzen. Et geet ëm hir Zukunft a si hunn e Recht drop, matzeschwätzen an hir Iddien anzebréngen.

Léif Matbierger,

Mir hunn d’Chance, datt eis Wirtschaft zolidd Fundamenter huet, op déi mir weider opbaue
kënnen. Lëtzebuerg huet et ëmmer erëm fäerdeg bruecht, Defien als nei Opportunitéiten ze
gesinn, an eist Land huet sech esou ëmmer erëm selwer nei erfonnt.

Et ass och esou, wéi Lëtzebuerg sech op der Weltausstellung zu Dubai presentéiert, als
“Resourceful Luxembourg”.

Mir sinn eng Gesellschaft, déi vun hirer grousser Diversitéit, Oppenheet an Toleranz lieft, an
doduerch fir d’Zukunft gutt opgestallt ass. Als Land huele mir eis Responsabilitéiten eescht a
schaffen aktiv mat, fir datt mir nei Weeër fanne fir Ziler, wéi d’CO2 Neutralitéit bis 2050,
z’erreechen.

Och Initiativen aus dem Privatsecteur spillen do eng ganz wichteg Roll. Mir brauche
Pionéiergeescht, fir eis Welt méi effizient, méi propper, méi equitabel a méi nohalteg fir äis all ze maachen.

Léif Matbierger,

COVID huet och de multilaterale System méi fragil gemaach an national Reflexer zum Deel nees verstäerkt.

D’Pandemie huet eis gläichzäiteg awer och gewisen, wéi wichteg europäesch Solidaritéit ass.
Krise vun dësem Ausmooss sinn net eleng ze meeschteren. Dat ass e Grond fir méi Europa, e staarkt Europa.

Iwwer d’EU eraus huet Lëtzebuerg sech nach ëmmer fir Multilateralismus, fir de Respekt vun
de Mënscherechter a vum internationale Recht agesat. Dësen Engagement gouf belount, a
Lëtzebuerg gouf am Oktober, fir déi alleréischte Kéier, an de Mënscherechtsrot vun der UNO
gewielt.

Duerch eis Präsens an deem Gremium kënne mir zesumme mat anere Staate wesentlech Theme weiderbréngen: ech denken un den État de droit, d’Lutte géint de Klimawandel a säin Impakt op Mënscherechter wéi Zougang zu Waasser, Gesondheet an Ernierung. Mee och un Theme wéi Fraen- a Kannerrechter, a speziell de Rechter vun de Meedercher, déi der Grande-Duchesse ganz besonnesch um Häerz leien. An net ze vergiessen, den Effort géint Diskriminatioun vu Minoritéiten.

Léif Leit alleguer,

Mir hunn elo bal zwee Joer hannert äis, wou mir mat der Pandemie liewen. Mir hunn de Kapp net hänke gelooss, a mir däerfen äis och elo net decouragéiere loossen.

Als Gesellschaft musse mir zesummen halen, a weiderhin zesumme Léisunge fannen,
– am Interêt vun alle Matbierger,
– am Interêt vun de Generatiounen, déi no eis kommen,
– am Interêt vum Land,
– vun Europa,
– vun der Welt.

Mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie, dem Prënz Charel an all eise Kanner, wënschen ech Iech vu ganzem Häerze schéi Chrëschtdeeg, an all Guddes fir 2022.

Dernières nouvelles