CGDIS zu Mainz: Presentatioun vum Simulatiouns-Rettungstransportgefier

Leschte Weekend war eng Delegatioun vum CGDIS zu Mainz op de sougenannte Rheinland-Pfalz Deeg present, fir de Simulatiouns-Rettungstransportwon ze presentéieren. Gutt 330.000 Visiteuren hu sech un den dräi Deeg de SIM-RTW méi genee ugekuckt a sech iwwert de Projet informéiert.

Am Kader vum Projet Inter’red, deen 2019 lancéiert gouf, soll dëse Simulatiounswon de Pompjeeën a Rettungsdéngschter d’Praxis méi no bréngen an hinnen eng realitéitsno Erfarung erméiglechen. Esou sollen d’Asazkräfte nach besser op déi méiglech Virfäll virbereet sinn.

Presentatioun vum Simulatiouns-Rettungstransportgefier
© CGDIS

De SIM-RTW ka vun de verschiddene Projetspartner ugefrot ginn, fir bei sech Formatiounen unzebidden.

Presentatioun vum Simulatiouns-Rettungstransportgefier
© CGDIS

Zanter 1984 ginn d’Rheinland-Pfalz Deeg organiséiert a gëllen als Landesfest mat engem décke Programm fir Kleng a Grouss. All Joer gëtt d’Evenement an enger anerer Stad oder Gemeng vu RLP organiséiert. Nieft Concerten an Aktivitéite presentéiere sech hei ënnert anerem och d’Landesregierung an de Landtag, Friddens- a Selbsthëllefinitiativen, Ëmweltverbänn, Sportveräiner, sou wéi Sécherheets- an Hëllefsorganisatiounen.

Dernières nouvelles