Carte Blanche: Kanner sollen net roueg sinn

Kanner ginn net gebuer fir näischt upaken ze dierfen, gedëlleg mussen ze sinn oder sech mat sech selwer ze beschäftegen. Kanner goufen net gebuer fir roueg sëtzen ze bleiwen oder mat engem Tablett ze spillen.

Kanner musse sech beweegen, erfuerschen, nei Saachen entdecken, Aventuren erliewen an d’Welt ronderëm sech kenneléieren. Si léieren all Sekonn bäi, erfuerschen, si Schatzsicher a mächteg Äerdbiewen. Kanner si fräi Séilen, déi fléie wëllen an dat och sollen. Si wëllen net just un der Säit stoe mussen an nokucke wat geschitt.

Dofir – loosst eis se net ze „Sklave“ vun de Mënsche maachen – an dëse Liewe gëtt stänneg gehetzt. D’Virstellungskraaft feelt. Loosst eis se net an de Prisong vun eiser Welt ouni Freed spären. Loosst eis hir Fäegkeeten, Wonner ze erschafen, fërderen. Eng Welt voller Blummen, Wisen a Gléck.

Spille fërdert d’Kanner physiologesch an emotional. Et reguléiert hire Mutt an Ängschten. Duerch d’Opmierksamkeet gëtt d’Léieren an d’Gediechtnes gefërdert. Hier Uspanung fält ewech, Rou, Wuelbefannen a Gléck setzt an. D’Motivatioun klëmmt kontinuéierlech. D’Virstellungskraaft an d’Kreativitéit hëlleft de Kanner hirer Fantasie fräie Laf ze loossen.

Dacks vergiesse mir Erwuessener, datt Kanner méi wäert sinn, wéi hier Punkten an der Schoul. Eis Kanner brauche Léift – an dat net nëmme wann si reusséiert oder versot hunn, mee ëmmer. Esou, an nëmmen esou, kënnen si eenzegaarteg sinn a sech selwer akzeptéieren.

Kanner sinn net dofir verantwortlech, wéi si opgezu ginn, ma als Erwuessener ass et hinne méiglech eis Welt besser ze maachen. A mat ze vill Informatiounen, materielle Saachen, ze vill Stress oder ze villen Optiounen, hale mir si ongewollt op. Mir zerstéieren en Deel vun hirer Kandheet an hale si dovunner op, sech fräi ze entfalen.

Et ass eng Tatsaach, datt Kanner hautdesdaags wéineg Zäit un der frëscher Loft verbréngen. A firwat? Ma, well mir se mat aneren Aktivitéiten „ënnerhalen a beschäftegen“. Mat Saachen, déi mir Erwuessener fir noutwenneg halen.

D’Kanner net un der frëscher Loft rolzen ze loossen, ass scho bal eng Folter, déi hiert kreatiivt Potenzial drastesch aschränkt. Do muss definitiv eng Ännerung passéieren – net nëmmen fir eis Kanner, mee och fir eis Zukunft. Déi läit nämlech an hiren Hänn.

Dernières nouvelles