Wa Feier de Wanter verdreift: Buergbrennen zu Lëtzebuerg

Um vergaangene Sonndeg huet iwwerall uechtert d’Land nees dat traditionellt Buergbrennen stattfonnt. Duerch dësen alen heednesche Brauch soll d’Fréijoer de Wanter ofléisen, d’Wiermt vum Feier d’Keelt iwwertrompen an d’Liicht vun de Flame géint d’Däischtert gewannen. Ma, d’Wieder passt op alle Fall scho mol!

All Joer gëtt um éischte Sonndeg no der Fuesent de Wanter op enger Aart grousser Scheiterhaufen verbrannt. Wärend den Numm drop hindeite léist, datt dëst Fest eppes mat enger Buerg ze dinn huet, baue mëttlerweil déi meescht Veräiner an hirem Duerf e Kräiz aus brennbarem Material, dat virdru bei den Duerfbewunner gesammelt gëtt.

De Brauch wëll et dann och, datt déi Koppel, déi fir d’lescht hiert Bestietnes agaangen ass, d’Konstruktioun um Owend ufänkt. Dat Schéinst um Buergbrennen ass, nieft der Faszinatioun ronderëm d’Feier, awer nach ëmmer d’Zesummekomme vun Noperen a Kolleegen!

Wousst Dir eigentlech, datt d’Buergbrennen och an anere Géigende gefeiert gëtt? An der Eifel heescht et Hüttenbrennen a gëtt zur selwechter Zäit an an der selwechter Manéier gefeiert, wéi bei eis. Tëscht Mëtt an Enn Abrëll setzen d’Zürecher beim Sechseläuten de sougenannte Böögg, e risegen an artifizielle Schnéimännchen aus Holzwoll a Brand.

Kuckt ee sech esou d’Wiederprognos un fir dës Woch, esou huet d’Buergbrennen säin Zweck erfëllt: Meteolux mellt fir all Dag Sonn a souguer Temperature vu bis zu 15 °C. Summer, du kanns kommen!

Dernières nouvelles