Schikanéiere wier besser wéi Zwéngen

Fir eng Impfflicht feelt u politeschem Courage, net awer u politescher Inkompetenz

Fir schaffen ze goe geet d‘3G-Reegel duer, fir de Rescht muss sech bannent der Ofgrenzung vun der 2G-Reegel opgehale ginn. Sënn an Zweck ass et déi Ongeimpft ze stigmatiséieren, se däraart un de Rand vun der Gesellschaft ze drécken, bis se net méi anescht kënnen, wéi sech entweder ze impfen, oder vun der Rouder Bréck ze sprangen…

Am Pressebriefing no der Sëtzung vum Regierungsrot, huet de Staatsminister wuel nach gemengt, datt et net evident wier, unhand den aktuell gültegen Zuelen, de Moossnameregëster ëm weider – besonnesch fir d‘Impfgéigner/-verweigerer – Oploen a Verbueter ze erweideren. Et misst een dat awer Trotzdeem maachen, wëll den Impftaux ze niddreg wier an eng nei Variant sech amëscht.

Wat den Impftaux ugeet, esou sollt een eppes relativiséieren. Déi iwwer 80järeg hunn en Taux Opweises vu ronn 90%, an der Tranche 60 bis 80 Joer sinn et ëmmerhin nach 85%. Wou et dem Premierminister guer net gefält, ass datt wat den Alter erofgeet, och den Taux fält. Esou géif hei d‘Tranche bis 40 Joer en Impftaux ënner 70% opweisen. Firwat déi de falsche Choix maachen?

Elo kann een d‘Bedenke vum Xavier Bettel schonn eppes deelen, ëmmerhin huet sech d‘Zuel vun den Hospitalisatioune bannent engem Mount verduebelt. Am Regierungsrot ass sech dann drop accordéiert ginn, weider Moossnamen ze ergräife fir ee Lockdown ze verhënneren. Dee wäerte mir no Chrëschtdag wuel awer fir 14 Deeg operluecht kréien, wëll datt jo déi richteg Wierkung huet.

Nom 24 Dezember a bis de 5 Januar leeft jo och d‘Wirtschaft eppes méi lues. Do léisst sech ee Confinement och mat de Partner aus Industrie & Wirtschaft duerchsetzen. Woubäi hei ee méi flexibele Lockdown gëlle wäert, well d‘Fabricken an déi essentiell Beruffer jo d‘Land um Lafen hale mussen. Op ee sech zu engem verflichtenden Télétravail duerchgeronge kritt? Nach egal…

Wat ass de Plang?

D‘Gesondheetsministesch huet hire Mantra „Eisen Optrag ass et déi ëffentlech Gesondheet ze assuréieren“ opgesot a bäigefüügt: „Wann de Risk méi wichteg gëtt, musse mir d‘Leit géint sech selwer schützen“. Firwat dann awer d‘Pandemiegesetz net reforméiert an d‘Impfflicht agefouert gëtt… Et geet jo laut dem Paulette Lenert hei och ëm de Schutz vun eisem Gesondheetssystem.

An de Premier huet sengersäits gesot (an d‘Wierder vum Affekot musse richteg gedeit ginn): „Mir annoncéieren haut keng Schléissungen, net vun de Schoulen, net vum Horesca an och net vun anere Secteuren“. Et soll net emol riets si vu virzäitege Fermeture oder Ausgangsspären. Si bleiwen awer eng Optioun, mangels Wëllen endlech ze legiferéieren an de politesche Choix duerchzesetzen.

Et ass een bannent der Regierung iwwerzeegt, datt den Ongeimpften hir Rechter a Fräiheeten nach eppes weider ze beschneiden, dee bessere Wee ass. Esou soll am neie Gesetz, datt schonn déi aner Woch an der Chamber gestëmmt gëtt, den Test net méi valabel sinn, fir ee Patt huelen ze goen. Och de Chrëschtmaart ass da fir déi Ongeimpft Tabu. Och an der Aarbechtswelt muss méi geschéien.

Nach, esou d‘Ausso, géif mat de Patronatsverbänn an de Gewerkschafte verhandelt, fir datt een de CovidCheck op der Schaff zur Flicht maache kann. Eng Moossnam déi dann awer eréischt am Januar soll gräifen, well ee jo de Leit awer wëll d‘Chance loossen, hire Choix nach emol ze iwwerdenken, an sech bereetwëlleg impfen ze loossen. Hei sollen d‘Tester awer méiglech bleiwen.

Wien dës Tester bezuele muss a wéi eng Strofe virgesi sinn wa sech Leit wieren? Dat soll elo mat de Sozialpartner ausgeklügelt ginn. D‘Verhandlunge sollen um haitegen Dënschdeg ufänken, an de Premier erwaart sech bis en Donneschdeg Resultater. Entspriechen dës net dem Wonsch vun der Regierung, misst ee „politesch Verantwortung“ iwwerhuelen, huet de Xavier Bettel betount.

Esou soll et goen

Alles wat Fräizäitaktivitéite betrëfft leeft mam neie Gesetz exklusiv ënner 2G (Geheelt/Geimpft). Et kann een dann net emol méi ee Patt op der Terrass huelen. Och de Sport ass betraff, hei esouguer d‘Sportler selwer, déi ab 19 Joer entweder geheelt oder geimpft sinn, oder hir Aktivitéite musse roue loossen. Wien net geimpft oder geheelt ass, gëtt esou faktesch gesellschaftlech ausgeschloss.

Weideren interessante Punkt – op deen ee sécherlech éischter hätt komme kënnen – de CovidCheck soll net méi ouni Virweise vun der Identitéitskaart méiglech sinn. Wien sech weigert dem Wiert, dem Sécherheetsagent vum Stadion oder soss engem Requerant zum CovidCheck den Auswäis ze weisen, dierf net zougelooss ginn. Dat bezitt sech op de Kontext an Asaz vu fake QR-Coden.

Op der Schaff kann zanter dem 1. November de Patron an/oder Chef de Service (Verwaltung) de CovidCheck aféieren, muss awer net. Ab Mëtt Januar fält och dëse Choix ewech, da muss een entweder Geheelt, Geimpft oder Getest sinn, fir nach Accès zur Aarbechtsplaz ze kréien. Et dierfe Lëschte vun de Geimpften an Ongeimpften ugeluecht ginn, wann de Salarié averstanen ass.

Fir datt dat dann och alles an Aklang mat de Gesetzer ass, soll et en Amendement beim Gesetz zum Schutz vun de perséinlechen Date ginn. Et gëtt och Recommandéiert, iwwerall do wou et méiglech ass, den Télétravail duerchzesetzen. Et wier hei gutt, wann d‘Recommandatioun vun de Patrone géif „richteg verstane“ ginn. Et gëllen hei déi selwecht Prinzippien, wéi beim „dir hutt de Choix“.

Dat bescht zum Schluss: fir eppes méi Dynamik an d‘Impfstrategie ze bréngen, sinn d‘PCR-Tester statt 72 nëmmen nach 48 Stonne gülteg; dee sougenannten zertifiéierte Schnelltest statt 48 dann nach just 24 Stonnen. Wéi gesot, en anstännegt Pandemiegesetz mat enger Impfflicht wier wuel dee bessere Wee, well och d‘Mënscherechtsgeriicht esou eng Obligatioun als gerechtfäerdegt unerkennt.

Dernières nouvelles