Wann däi Béier politesch ass

Mir stousse schonn déi fënneft Dier vum exklusive Béier-Adventskalenner op, an och dësen ass, wéi sollt anescht sinn, eng kleng Iwwerraschung. Mam „Rosa Luxembourg“, dem déif schwaarzen „Dark IPA, huet et éischten donkele Béier am Assortiment. Hien ass d‘Resultat vun enger Kooperatioun tëscht der Stuff Brauerei Steesel an der katalanescher Brauerei Cervesa San Jordi.

Wann ee elo gewëllt wier ze behaapten, datt deen donkelen Indian Pale Ale (IPA) näischt Neies ass, esou wier dat u sech richteg. An eiser Fläsch allerdéngs ass d‘Synergie tëscht den Happzorten an dem geréischterte Malz an eng nei Dimensioun iwwergaangen. Seng „Séil“ ass esou schwaarz, et kéint mengen de Schaarschtechbotzer hätt gehollef. Jo eigentlech ass den IPA éischter „gëllen“…

Dës däischter Indian Pale Ale Béiere sinn elo bei eis am Land nach net esou geleefeg, firwat dëse spuenesch-lëtzebuergesche Kooperatiounsprojet ëmsou méi interessant ass. En ass, wéi et sech fir den IPA gehéiert, ee uewergärege Béier, dee staark agekacht gëtt an duerch Verwendung vun auserwielten Happzorte sécher eppes méi batter dohier kënnt, an awer ganz harmonesch schmaacht.

Gebraut gëtt dëse mam sougenannte Rëscht-Malz, an reng optesch kéint een de Rosa Lëtzebuerg glat mam engem Stout, eventuell engem Porter verwiesselen. Hält een dann awer d‘Nues derbäi, da klammen engem d‘Happnouten an de Kapp. Dat ouni sech opzedrängen, och wann d‘Presence hei däitlecht affichéiert gëtt. Bei dësem aussergewéinleche Béier spillen Happ a Malz d‘Haaptroll.

Wat de Choix vum Numm „Rosa Luxembourg“ betrëfft, esou huet – d‘Etikett verréit et eigentlech schonn – dat natierlech eppes mat de polnescher Marxistin a Philosophin; anti Krich-Aktivistin a sozialistesch Revolutionärin ze dinn. Fir den Entworf vun der Etikett hunn sech béid Brauereien op de Studio „Júlia Aragon“ verlooss. Eng ganz gutt Wiel, et ass eng vun de Schéinste vun 2021…

Et ass zudeem en Hommage un dës „Grande Dame“ déi am Mäerz hiren 150. Jubiläum gefeiert huet. Vläicht dréit et och derzou bäi, sech emol nees mat dëser politescher Figur ze beschäftegen. Eis awer geet virrangeg ëm den Inhalt, well un enger schéiner Etikett kann ee sech net sat iessen. Deen ass wéi uewe beschriwwe vun aussergewéinlecher Qualitéit, wann och eppes ongewinnt.

Mat 6% Alkoholgehalt, an enger bevirzuchter Ausschank-Temperatur vun 8°C an dem Asaz vum „Glas mam décke Bauch“ ass Rosa Luxembourg „Dark IPA“ en exquisit Produkt vun der haiteger Braukonscht. Et sollt ee dësen net nëmme a Moosse, mee virun allem mat Rou genéissen. Loosst och dir d‘Séil eppes baumelen an iech vun dësem Dark IPA an eise Béier-Himmel entféieren…

Dernières nouvelles