BEGEGNUNGEN: Den 10. Februar 2022 am Trifolion

BEGEGNUNGEN ass en ongewéinleche Projet mam Zil, nei Begéinungen tëscht de Kënscht a Kulturen ze schafen, andeems e besonnesch ästheteschen an theatralesche Raum vun der Verbindung, wann net souguer vun der Konfrontatioun definéiert gëtt. E Raum, deen haut vermësst gëtt.

Haut ass einfach keng gutt Zäit fir Begéinungen, well et kee Raum méi fir se gëtt. Keng gutt Zäit fir perséinelche Kontakt,, wann déi éischt Fro un e Mënsch net méi ass, wéi et ëm geet, mee: Wou bass du? Wou stéchs de grad, am kontinuéierlechen onbegräiflechen Datestroum?

Eng Zäit, an där geziilt Desinformatioun net just Bestanddeel vu Marketingkonzepter ass, mee politesch motivéiert Meenungsmaach, déi sech op der weltpolitescher Bün – haut esou kleng wéi e Smartphone – als Propaganda a Krichsdreiwerei enttarnt.

Se entléisst Kultur an déi däischter historesch Schmuddelecke vun engem Kulturkampf, dee schonn zu Zäite vum spéiden 19. Joerhonnert, an der Bléi vum Kolonialimperialismus, entscheedend dozou bäigedroen huet, Weltkricher auszeléisen.

Dësem Bäigeschmaach, deen d’Kultur haut huet, kann d’Konscht souwuel entgéintwierken, andeems se een ästheteschen erliefbare Raum vun der Begéinung vun de Kulturen hierstellt.

Bei BEGEGNUNGEN treffen orientalesch, op arabescher Oud gespillte Kläng op westlech Musek, komponéiert vum Camille Kerger, Interprete sinn d’Oudspiller Tarek Alsayed Yahya an United Instruments of Lucilin. Danz a Choreografie vum Sylvie Camarda loossen orientalesch Formen an europäesch Danzmuster afléissen.

D'(Aktioun-)Zeechnung/Molerei vum däitsche Kënschtler Markus Anton Huber, déi live op der Bün stattfënnt, transferéiert all dat op en audiovisuellen Niveau a gëtt esou zu enger Zeenografie a Kierperinstallatioun.

Andeem de Projet BEGEGNUNGEN Orient an Okzident, Musek, Danz, Molerei an Theater zesummebréngt, schléit et enger Realitéit, déi Begéinungen an der Virstellung vu Kultur a sech oft feindlech géigeniwwer stinn, entgéint.

Weider Informatioune fannt Dir op www.trifolion.lu.

Dernières nouvelles