Atomic Rocket Seeders: Déi fantastesch Rees vum Kapitän Johnny Green

Eis atomar Rakéite-Séimaschinnen sinn zeréck mat eppes Neiem fir op d’Oueren! Nodeems et virun enger gudder Woch en éischte Virgeschmaach op hir zweet Single-Release mat dozou passendem Video gebuede gouf, erléist de Lëtzebuerger Metal-Trio haut seng bennzeg Fans a presentéiert eng nei Single: „The marvelous journey of Captain Johnny Green“.

Net nëmme musikalesch huet Atomic Rocket Seeders sech nees richteg Méi gemaach. Mat Häerz a Kreativitéit ass en eenzegaartegen an artisteschen Animatiounsfilm drugehaange ginn, bei deem mir vum Zeechentrick an de méi plastesche Beräich eriwwer sprangen. Dobäi geet et, wéi den Titel et scho seet, ëm déi fantastesch Rees vum Kapitän Johnny Green.

Wärend déi éischt Strof nach relativ roueg ufänkt mierkt ee schonn, datt nach eng gewëssen Energie komme wäert. Dobäi huet de Sänger déi ideal Mëschung aus Sangen a Jäizen fonnt, sou datt een nach gutt verstoe kann, ëm wat et am Text geet. Och d’Musek iwwerzeegt duerch eng prägnant Melodie a kräftege Schléi op d’Batterie.

A Propos Batterie: Zënter Juni dëse Jores heeschen den Thierry „TAP“ Porcedda (Sänger a Gittarist) an den Thierry Hames (Bass) de Luca Daresta (Drummer) wëllkomm am Grupp. Villäicht kennt den een oder aneren de Museker aus der Lëtzebuerger Band „Lost in Pain“.

Atomic Rocket Seeder ass eng alternativ Lëtzebuerger Metal-Band, déi den 30. Oktober 2020 hiren no sech selwer benannten Debut-Album erausbruecht hunn. Ënnert anerem stounge si scho mat Limp Bizkit op der Bün an duerfte souguer um legendäre Festival Wacken Open Air dierfen weisen, wat an hinne stécht.

Dernières nouvelles