Covid-19-Impfung: Iwwer 13.000 Dosissen goufen oflafe gelooss

13.110 Dosissen AstraZeneca goufen den 1ten Dezember zerstéiert, well se ofgelaf waren. D’Pirate sinn entsat, dass d’Regierung zougelooss huet, dass dës Dosissen oflafen, amplaz se un aner Länner weider ze ginn, wou se Mënsche virum Virus hätte schütze kënnen.

De 5. November gouf eng éischt parlamentaresch Fro zum Thema Impfstoffer un d’Gesondheetsministesch geriicht. Aus der Äntwert goung ervir, dass Lëtzebuerg nach 13.110 Dosisse vum Vaccin vun AstraZeneca hätt, déi den 30.11. géingen oflafen. D’Piratendeputéiert Sven Clement a Marc Goergen hunn doropshin Appeller un d’Regierung geriicht, dass dës Dosissen esou séier wéi méiglech sollen un aner Länner weider gereecht ginn.

De Sven Clement sot den 10.11.21 am Kader vun der aussepolitiescher Debatt an der Chamber: „Mir hu ronn 13’000 AstraZeneca Sprëtzen déi Enn dës Mounts net méi ze gebrauche sinn. Den Impfstoff ass net fir eng Boosterimpfung zougelooss an d’Leit, déi sech elo fir d’éischt impfe loossen, wëlle séier ganz duerchgeimpft sinn, fir kënne vum CovidCheck Regimm ze profitéieren, an wäerten dofir net op AstraZeneca setzen. Dofir muss Lëtzebuerg kucken dës 13’000 Dose grad wéi all aner Dosen, déi mir vun dësem Hiersteller nach kréien, séier u Länner virun ze ginn, déi se brauchen.“

De Marc Goergen sot den 17.11 am Kader vun der Entwécklungsdebatt an der Chamber: „Momentan leien awer 13’000 Impfdosisse vun AstraZeneca bei eis an de Lageren, déi Enn des Mounts oflafe wäerten. Wéi de Sven Clement schonn d’lescht Woch erkläert huet, fanne mir Piraten dass dës Dose musse schnellstméiglech un aner Länner weidergereecht ginn. Mir dierfen dës Dosen net oflafe loossen!“

Kee vun de Ministeren huet op dës Appeller reagéiert an esou huet de Sven Clement dann och nach eng dréngend parlamentaresch Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht. An hirer Äntwert huet d’Ministesch elo missen zouginn, dass zanter dem 5ten November keng eenzeg Dosis AstraZeneca méi verimpft gouf, an dass déi 13.110 Dosissen aus dem Stock geholl an zerstéiert goufen.E Skandal!

Net nëmmen huet d’Regierung hei Impfstoff am Wäert vun iwwer 30 000€ zerstéiert, mee Lëtzebuerg huet och d’Chance verpasst, aner Mënschen an anere Länner virum Covid-19-Virus ze schützen.

Lëtzebuerg huet 7 Partnerlänner: De Burkina Faso, de Senegal, de Laos, de Capo Verde, de Mali, Nicaragua an den Niger.

  • Am Capo Verde si 44,4% vun der Populatioun ganz geimpft.
  • Am Laos sinn 42,6% vun der Populatioun ganz geimpft.
  • Am Nicaragua si 35,1% vun der Populatioun ganz geimpft.
  • Am Senegal si 5,5% vun der Populatioun ganz geimpft.
  • Am Niger sinn 1,9% vun der Populatioun ganz geimpft.
  • Am Mali sinn 1,6% vun der Populatioun ganz geimpft.
  • An am Burkina Faso sinn nëmmen 1,4% vun der Populatioun ganz geimpft.


D’Regierung hätt also vill Méiglechkeete gehat, wou se dës Dosissen hätt kënnen hischécken, well a ville vun eiser Partnerlänner hat nach kaum e(ng) Bierger(in) d’Chance, fir sech impfen ze loossen. Vill Mënsche mat Virerkrankungen an Immunschwächte sinn hei dem Virus nach ëmmer schutzlos ausgeliwwert a Lëtzebuerg huet sech komplett onsolidaresch verhalen.

Mir hätten dëse Länner dës Dosisse missten zoukomme loossen, an hinnen och eng Liwwerung vun zweeten Impfungen zouséchere sollen. Doduerch, dass den AstraZenca-Impfstoff seng gréisste Wierkung erreecht mat enger zweeter Impfung ronn 3 Méint no der 1ter Impfung entwéckelt, wier eis hei genuch Zäit bliwwen, fir dës 2. Liwwerung z’organiséieren.

De 27ten Dezember steet déi nächst Deadline un. Eng gewëssen Unzuel vun eise Moderna-Vaccinen wäert deen Dag oflafen. Mir Pirate fuerderen d’Regierung dofir op, schonn haut ee Plang opzestellen, dee virgesäit, wéi dës Dosissen kënne séier un eent vun eise Partnerlänner viru gi ginn, sollt sech ofzeechnen, dass mir dës Dosissen net all verschaffe kënnen. Eng weider Zerstéierung vu Covid-Vaccinë wier eng weider Blamage fir eis d’Land.

Matgedeelt vun der Piratepartei

Dernières nouvelles