ACL: Gemëschte Gefiller no der Wanter-Campagne

Och an dësem Joer war d’Ekipp vum Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) nees uechtert d’Land ënnerwee, fir mat senger Kontroll-Campagne nom Zoustand vun de Pneuen, Luuchten a Batterie vun de Gefierer ze kucken. Generell zéie si e positive Bilan, ma bei de Batterien gouf et allerdéngs Bedenken.

Pünktlech zum Wanterabroch sollt duerch dës Campagne, déi op 13 Plazen zu Lëtzebuerg organiséiert goufen, fir e Stéck méi Sécherheet am Wanter gesuergt ginn. Schliisslech leide verschidde Stécker ënnert der Keelt a Fiichtegkeet. Pannen an Accidenter kënne vermeit ginn.

Esou hu bei dëser Editioun zuelräich Automobiliste profitéiert. Am Ganze sinn 5.473 Kontrollen (+194 am Verglach zu 2020) duerchgefouert ginn. Pneuen a Luuchte ware generell a guddem Zoustand – just 3,53 % vun der Beliichtung an 1,59 % vun de Pneuen waren defekt oder net konform.

ACL Wanter Campagne
© ACL

Ass hei d’Resultat positiv ausgefall, esou kann een dat net grad vun de Batterien behaapten. Dës goufen 2.029 Mol (+ 524 am Verglach zu 2020) kontrolléiert. D’ACL-Ekipp huet misse feststellen, datt 19,43 % vun de Batterien dréngend ausgetosch a bal 22 % opgeluede musse ginn, fir och zur kaler donkeler Joreszäit richteg ze fonctionéieren.

Et weist sech dann och, wéi wichteg esou Kontrolle sinn. Esou munchereen wier anescht vläicht net op e Problem um Gefier opmierksam ginn.

Dernières nouvelles