Schëfflenger Gare: Eng Persoun gouf vum Zuch erwëscht

Gëschter Mëtteg géint 16:30 Auer koum et zu engem uergen Accident op der Schëfflenger Gare. Eng Persoun huet scheinbar d’Gläichgewiicht verluer an ass op d’Gleis gefall, grad an dem Ament wou den Zuch ugefuer ass.

Duerch den Tëschefall gouf de Schinneverkéier direkt ënnerbrach. Op der Plaz waren de SAMU, eng Ambulanz, wou wéi de CIS Esch a Schëffleng. Schwéier blesséiert gouf d’Persoun an d’Spidol bruecht. Eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.

Accident tëscht Mënsch an Zuch
CFLinfos / Twitter

Bei dem engen Accident tëscht Mënsch an Zuch sollt et awer net bleiwen. Owes um 19 Auer gouf an der Mamer Strooss zu Bartreng eng Persoun ugestouss. Eng Ambulanz, den CIS Bartreng, Mamer a Lëtzebuerg, sou wéi de SAMU a Psychologen waren op der Plaz am Asaz. D’Zirkulatioun vun den Zich tëscht Lëtzebuerg an Arel gouf gestoppt.

Accident tëscht Mënsch an Zuch
CFLinfos / Twitter

Dernières nouvelles