Accident zu Lëlz: Persoun fält vu Passerelle an de Stauséi

Um spéide Méindeg Nomëtteg koum et um Stauséi zu Lëlz zu engem uergen Accident tëscht enger Persoun an dem Motorboot vum CGDIS. Wärend eng Patrouille mat niddreger Vitesse ënnert der schwammender Passerelle duerchgefuer ass, ass de Foussgänger aus ongekläerte Grënn vun der Bréck gefall a mam Been an d’Schrauf vum Boot geroden.

Nodeems d‘Fräschemänner déi blesséiert Persoun éischtversuergt hunn, gouf se mat der Ambulanz an d‘Spidol bruecht. Um Stauséi selwer huet e Grupp vum Support Psychologique sech ëm déijéineg gekëmmert, déi de Virfall mat ukucke missten. 

Fir déi genee Ëmstänn vum Accident erauszefannen, gouf eng Enquête an d‘Weeër geleet.

Dernières nouvelles