45 Milliounen Hongerleider

Pandemie, Klimawandel an ongezielte Konflikter… bannent engem Joer huet d‘Weltpolitik méi zu Onwee gemaach, wéi Industrie a Wirtschaft gefuerdert hunn

Um Sëtz vun der WFP, dem „Weltfudderprogramm“ vun de Vereenten Natiounen zu Roum, ass ee wéi all Joers ëm dës Zäit domadder beschäftegt seng Suergefalen ze glätten. Eng schwiereg Aufgab an dësem neie weltpolitesche Kontext. Do klaut ee Virus de Mënschen de leschte Verstand an de Klimawandel der Jugend hir Zukunft, an déi sëllege Konflikter ginn zum onerwënschte Bäiwierk.

A wann d‘Bierger an de soi-disant ziviliséierten Industrienatioune mam eegene Nuebel beschäftegt sinn, hunn déi politesch Acteure fräi Hand hiren Exzesser nozekommen. De globale Militärkomplex erfreet et, déi instabil Sécherheetslag versprécht maximale Profit… An zu Roum sëtzt den David Beasley, senges Zeeche Generaldirekter vun der UN-Institutioun WFP, a kann nëmmen alertéieren.

Dësem war et wéinst Biergerkrich net méiglech eng nach ëmmer unhalend Hongersnout am Jemen ze léisen (2019), an Afrika gëtt generell versot, fir Haiti (hei wier mat 160 Milliounen Euro een zolitte Schratt ze maachen) huet et och kee Plang… Als neie Brennpunkt taucht elo no 20 Joer Besatzung déi Islamesch Republik Afghanistan op an esouguer Nordkorea ass nees am Gespréich.

Am Kader vu senge Méiglechkeet

Mee den David Beasley ass där Mënschen een, wou och mat engem stompege Messer an de Kampf zitt. Hien huet a sengem Job wuel och keng aner Wiel, a säi Besuch bei den Taliban bréngt wéineg Zouversiicht mat sech. „Millioune Mënsche blécken hei an den Ofgrond“, esou de WFP-Direkter bei sengem Retour zu Roum. Am Afghanistan sinn 23 Millioune Mënschen op d‘Agence ugewisen.

Ee weidere „Problem“ op schonn enger éiweg laanger Mängellëscht an de Constat ass esouwuel erschreckend, wéi et kaum d‘Mënschen an eise Regiounen huet, déi sech iwwer esou „Detailer“ kéinte Kappzerbrieches maachen. A wann dann den David Beasley erkläert, datt déi lescht Daten angschtafléissend sinn, dann ass gemengt, datt 45 Millioune Mënschen elo grad um erhéngere sinn.

Sécher, et kéint een eppes maachen, jo et gëtt Mënschen déi der Usiicht sinn, et misst een esouguer eppes maachen an interessanterweis geschitt näischt. Sech solidaresch mat de Mënschen an Nout ze erklären, dat kascht weder Geld nach verflicht et zu iergendeppes. Et ass zudeem ee Mythos, datt sech géif fir Fridden a Stabilitéit agesat ginn. Dat versprécht jo kee „Retour op den Investissement“.

Eng zäitlech Obsessioun

Wiem elo am globale Kontext, d‘Zuel vu 45 Milliounen (bei Stand 2020: iwwer 7,75 Milliarden Äerdebierger) als erdréiglech erschéngt, deen dierf drun erënnert ginn, datt d‘Welthongherhëllef schonn am Oktober annoncéiert huet, dat ausser den hei genannte Millioune Mënschen, déi ee scho schéngt opginn ze hunn, weltwäit 811 Millioune Mënschen Honger Leiden. Interesséiert och keen.

A well déi aktuell Dirigenten a wat sech soss nach esou als Staats- oder Regierungschef ze erkenne gëtt, weder un enger Konfliktléisung nach un der Mënschheet interesséiert sinn, ausser et dréit zum perséinleche Räichtum bäi oder séchert zumindest d‘Muecht, deet sech näischt. Dat erkläert och, firwat, wéi beim Klima, hei d‘Zilsetzung ass: den Honger bis 2030 vun der Welt ze verbannen.

Et ass elo aus dem Stand net gewosst, op déi selwecht Acteuren sech och bis 2030, ausser elo dem Honger, dem Fridden an der Klimaneutralitéit, och der Aarmut unhuele wëllen, woubäi eis Kollege vun der Deutsche Welle (DW) schonn 2013, bericht haten… Mee de Stéchdatum 2030 mécht scho Sënn: kee vun den haitege politeschen a militäresche Verbriecher, wäert sech musse rechtfäerdegen.

mat indymedia/rom/tlv/nyc

Illustratioun: D‘Bild dat engem als privilegiéierte Lëtzebuerger Journalist duerch de Kapp geet, wann UN-Vertrieder a Politiker vun der Hongersnout op der Welt braddelen. Eis ee schlecht Gewëssen arieden awer selwer magistral versoen… dës Welt gëtt net besser. © Louis Hansel / unsplash

Dernières nouvelles