COP26 – No de schéine Rieden, konkret handelen: Och zu Lëtzebuerg!

D’COP26 ass mat engem immens erniichternde Resultat op en Enn gaangen. Fir d’Klimaziler erreechen ze kënnen, kënnt et elo virun allem och op konkreet Handele vun den eenzele Memberstaate vun der EU un. An dat ass duerchaus och zu Lëtzebuerg gefuerdert!

De Message ass eendeiteg: Et geet ëm eist Iwwerliewen op dësem Planéit, ëm den Erhalt vun de Liewensgrondlagen vun de Mënschen a besonnesch den zukünftege Generatiounen. Gëtt weider Zäit verspillt, esou ass d’Klimakatastroph bal net ze verhënneren an ëmsou méi drastesch wäerten, alle Wëssenschaftler no, hir Folgen an déi zoutreffend Moossnamen ginn.

Op der COP26 huet Lëtzebuerg sech fir wäitreechend Moossnamen ausgeschwat. Mee leider gëllt och fir Lëtzebuerg: Wierder an Doten leien wäit auserneen! Zu Lëtzebuerg huelen d’CO2-Emissioune pro Kapp zwar e bëssen of, mee opgrond vum Bevëlkerungswuesstem – dee mir aktuell brauche fir de Sozialsystem an de vermeintleche Liewensstandard ze halen – huelen d’CO2-Emissiounen insgesamt zou.

Laut engem Bericht vun der EEA (Europäesch Ëmweltagentur) huet Lëtzebuerg 2019 souguer 1,7 % méi Zäregaser ausgestouss wéi am Virjoer. En Trend, dee schonn 2016 säin Ufank geholl huet!

D’Kéier ze kréien a konsequent Handelen sinn dofir och zu Lëtzebuerg e Muss! De Mouvement Ecologique wëll dofir – stellvertriedend fir anerer – 5 Instrumenter an de Fokus réckelen, déi endlech ergraff musse ginn, fir datt Lëtzebuerg iwwerhapt eng Chance huet seng Klimaziler ze erreechen.

Wärend enger Woch wäert de Mouvement Ecologique all Dag no baussen (ënnert anerem an de soziale Medien) eng konkret Fuerderung un d’Politik riichten.

Wéi och ëmmer een d’Resultater vun der COP bewäert: Et ass un all Land seng Verantwortung ze iwwerhuelen an déi noutwenneg Transitioun an d’Weeër ze leeden. Aus ekologescher, mee och aus ekonomescher a sozialer Siicht.

Mouvement Ecologique zur COP26

Keng Steiergelder méi fir ëmweltschiedlech Projeten!

Wa Staate e klimaschounend Verhalen, z.B. Energieeffizient Bauen oder d’Solarenergie ënnerstëtzen, esou ass dat eng gutt Saach. Wann awer gläichzäiteg europawäit Memberstaaten honnerte Milliounen an ëffentlech Gelder a klima- a biodiversitéitsschiedlech Projeten investéieren, esou ass dat absurd!

Steierlech Vergënschtegunge fir den Individualverkéier, ëmstridden Zouschëss am landwirtschaftleche Secteur, de Bau vun ëmmer neie Stroossen a méi muss der Vergaangenheet ugehéieren. Wärend aner europäesch Länner schonn eng fundéiert Analys duerchgefouert hunn, a wéi enge Secteure Sue falsch investéiert ginn, deet sech zu Lëtzebuerg … näischt!

Dobäi zeien d’Resultater vun dësen Etüden d’Opmierksamkeet op sech: An Däitschland z.B. Huet eng Etüd vum Ëmweltbundesamt fir 2018 e Betrag vu ganzer 65,4 Milliarden Euro erginn. Déi franséisch Regierung z.B. huet fir eng zweete Kéier a Folleg am Parlament eng Budget-Analys (budget-vert) virleien. Dobäi koum een zur Schlussfolgerung, datt eng Gesamtzomm vun 32,5 Milliarden Euro Ausgaben am Sënn vun erneierbaren Energien, Dekarboniséierung vun der Industrie, douce Mobilitéit, Kreeslafwirtschaft, Fërderung vun der Biodiversitéit a méi ronn 11 Milliarden Euro ëmweltbelaaschtenden Ausgaben entgéint stinn.

Datt d’Situatioun bei eis net besser ass wéi an anere Länner, läit op der Hand. Esou investéiert z.B. de Lëtzebuerger Pensiounsfong (FDC) weiderhi Gelder a Kuel an Atomkraaft, Leasing-Autoe ginn ouni Ëmweltkritären weiderhin steierlech begënschtegt a méi. Dobäi gëtt esou eng Analys säit Joren an Aussiicht gestallt.

De Mouvement Ecologique erwaart, datt d’Regierung kuerzfristeg eng esou Etüd virleet, zur Diskussioun stellt an direkt ëmsetzt. Well Subventiounen kënne ganz kuerzfristeg reforméiert ginn!

Mouvement Ecologique zur COP26

E séchere Sozialsystem ouni Wuesstemszwang!

D’Finanzéierung vum Lëtzebuerger Sozialsystem ass aktuell ofhängeg vum Wirtschaftswuesstem, enger steigender Zuel vun der Bevëlkerung an den Employéen. Dobäi befanne mir eis an enger Spiral: Wann d’Unzuel vun de Mënschen, déi an de Sozialsystem abezuelen, dauernd wuesse muss, fir datt Leeschtungen haut erbruecht kënne ginn, bedeit dat och, datt déi zukünfteg Generatioune fir ëmmer méi net méi kotiséierend Mënschen opkomme mussen. En Däiwelskrees.

Et gëllt dësen Däiwelskrees no zwanghaftem Wuesstem ze duerchbriechen! Well et ass gewosst: Stetege Wuesstem op engem begrenzte Planéit ass net méiglech. Och zu Lëtzebuerg sinn d’Auswierkungen offensichtlech: Onendlech Stauen an d’Ëmweltbelaaschtung duerch de Verkéier, trotz massiven Investitiounen an den ëffentlechen Transport, Zersiidlung vu Landschaften, explodéierend Wunnengspräisser, den dramatesche Réckgang vun der Biodiversitéit a villes méi …

Vill Wëssenschaftler fuerderen an der Konsequenz en Ausstig aus der Wuesstemslogik, déi net vereenbar ass mam Schutz vun der Biodiversitéit an dem Klima. Dofir muss dësen Dogma hannerfrot ginn. Eng zentral Moossnamen dobäi ass, d’Ofhängegkeet vun der Finanzéierung vum Sozialsystem vum Wuesstem ze beendegen. Well et ginn duerchaus Alternativen: ënnert anerem vun Ëmweltsteieren bis hin zu enger méi staarker Besteierung vum Kapital.

D’Regierung muss seng Verantwortung iwwerhuelen a virum Enn vun der Legislaturperiode eng Analys zu alternative Finanzéierungsformen vum Sozialsystem op den Dësch lee¨¨en an eng graduell Ëmsetzung an d’Weeër leeden.

Mouvement Ecologique zur COP26

Kee Gesetz a kee Projet méi ouni Nohaltegkeetscheck!

Zënter 15 Joer – oder souguer méi laang – gëtt en Nohaltegkeets- / Klimacheck fir wichteg Entscheedunge vun de jeeweilege Regierungskoalitiounen an Aussiicht gestallt. Geschitt ass an der Praxis näischt! Rezent huet de Staatsminister en zwar an engem Niewesaz an der Ried zur Lag vun der Natioun erneit ugekënnegt.

Den Nohaltegkeets- / Klimacheck ass allerdéngs vergläichbar mat dem Monster vu Loch Ness. A Rieden daucht e phaseweis ëmmer nees op, verschwënnt dann awer an der Versenkung a gesi gëtt en a Realitéit ni!

Dobäi ass esou en Instrument vu grondleeënder Bedeitung. Et geet schlussendlech dorëm ze iwwerpréiwen, ob bei Decisiounsprozesser (sief et generell Programmer, Gesetzesprojeten oder anerer) vun de verschidde Ministèren ënnert anerem den Ziler vum Klima- a Biodiversitéitsschutz Rechnung gedroe gëtt. Dat soll dozou bäidroen, datt politesch Entscheedungen net just Haut oder den nächste Waldatum virun Aen hunn, mee déi mëttel- bis laangfristeg Folge vun den Decisiounen.

No 15 Joer Ukënnegungen geet et duer. D’Regierung soll den Nohaltegkeets- a Klimacheck virleeën an direkt zur Diskussioun stellen! Dobäi soll en fir all Regierungsentscheedungen gëllen!

Mouvement Ecologique zur COP26

De Véibestand der Notzfläch upassen!

Lëtzebuerg ass opgrond vu senge Biedem an dem Klima en typesche Grénglandstanduert. Dat heescht: De bedeitendsten Undeel vun eiser landwirtschaftlecher Fläch ka just iwwert d’Beweedung mat Wiederkäuer genotzt ginn. Deementspriechend rechtfäerdegt sech déi virrangeg Fleesch- a Mëllechproduktioun vun der bestoender nationaler Landwirtschaft (76,3 % vum landwirtschaftleche Produktiounswäert).

Trotzdeem huet d’Situatioun net méi vertrietbar Ausmoossen ugeholl. Déi wéinegst vun eise Mëllechkéi grasen nach op eise Weeden. Am zuch vun der zouhuelender Industrialiséierung an Intensivéierung virun allem vu Mëllechbetriber, ginn ëmmer méi Déieren gehalen, d’Ställ ginn ëmmer méi grouss, d’Weedeflächen allerdéngs net.

Ëmmerhin 59 % vun der Mëllech gëtt an d’Ausland exportéiert, de Piff bleift hei. Dat féiert dann ënnert anerem zur Iwwerdüngung vun eise Felder a Wisen (well iergendwou muss dat verdauten importéiert Fudder jo hin) an enger héijer Nitratbelaaschtung vun eise Gewässer (100 % vun den Uewerflächegewässer a 55 % vum Grondwaasser hu keng gutt Qualitéit).

Den Import vu Fudder huet zudeem eng negativ Klima-Bilanz a fërdert an anere Länner den Ubau vu risege Monokulturen sou wéi d’Zerstéierung vu Bëscher. Zousätzlech ass den Ausstouss vun Zäregaser (Methan, Lachgas) vum Lëtzebuerger Landwirtschaftsecteur duebel esou héich wéi den EU-Duerchschnëtt (dëse kënnt aktuell aus iwwerdüngte Biedem an aus der Verdauung vu Wiederkäuer). An der EU sinn dës Emissioun gefall, zu Lëtzebuerg stagnéieren se oder huele souguer zou!

Fir e richtegen an nohaltege Grénglandstanduert ze sinn, muss eise Véibestan un d’Fläch, déi eis national zur Verfügung steet, gekoppelt an den Import vu Véifudder immens reduzéiert ginn.

Folgend Moossnamen muss d’Regierung ergräifen:

  • Eng betriblech Haff-Torbilanz, d.h. Erfaassung vun allen Nierstoff-, Dünger- an Exporter pro landwirtschaftleche Betrib;
  • Verbuet vu Fuddermëttelimporter aus „Übersee“;
  • Erhéijung vu Steieren op Mineraldünger a Pestiziden;
  • Extensivéierung vun op mannst 25 % vun der landschaftlecher Fläch.

Mouvement Ecologique zur COP26

Fir eng ekologesch a sozialgerecht Steierreform!

Datt den haitege Steiersystem reforméiert muss ginn, leegent eigentlech kaum nach een. Trotzdeem gëtt d’Reform ëmmer erëm op déi laang Bänk gedréckt. Aus Nohaltegkeetssiicht ass dës Situatioun geféierlech.

Lëtzebuerg ass aktuell dat absolut Schlussliicht an der Besteierung vun Ëmweltbelaaschtungen / Ëmweltverbrauch. D’Ëmweltsteierannamen sinn zu Lëtzebuerg am Verglach zu aneren EU-Länner besonnesch geréng, se hunn am Joer 2014 just bei 5,25 % zum gesamte Steieropkommes bäigedroen, woubäi den Undeel säit 2004 souguer kontinuéierlech réckleefeg ass.

Déi relativ Belaaschtung vum Facteur Kapital war 2014 mat 21,2 % op engem historeschen Déifstand, och mat enger staark réckleefeger Tendenz. An d’Besteierung vum Facteur Aarbecht klëmmt kontinuéierlech un, d’Aarbecht dréit mat iwwer 50 % e Groussdeel vun der Steierlaascht.

Et läit op der Hand, datt hei eng Kurskorrektur onbedéngt gefrot ass. Et kann net sinn, datt d’Verursaacher net am noutwennegen Ausmooss fir déi verursaacht Belaaschtungen opkommen, mee d’Allgemengheet. Deementspriechend hunn d’Verursaacher kee wierklechen Ureiz dës Belaaschtung ze reduzéieren, ganz am Géigendeel.

En ëmweltschounend Verhalen kann da souguer deier sinn, well duerch d’Steieren déi falsch Ureizer gesat ginn. Och d’Tatsaach, datt an der haiteger Situatioun Kapital esou niddreg besteiert gëtt, ass net méi akzeptabel.

Wëssenschaftler vun de verschidde Fachberäicher – Klima – a Biodiversitéitsschutz – beschreiwen en nohaltege Steiersystem als onëmgänglech, wann een dës zwou Krisen ugoe wëll. Heizou gehéiert eng sech graduell erhéijend CO2-Steier (et braucht dobäi eng laangfristeg Planung, déi aktuell zu Lëtzebuerg net ginn ass, och ass de Betrag wäitaus ze niddreg), eng Steier op Pestiziden a vill méi. Natierlech gëllt et dës mat soziale Moossname fir méi finanzschwaach Haushälter auszegläichen.

D’Lëtzebuerger Regierung gëtt opgefuerdert direkt Berechnungen an Ureegunge fir eng systematesch Steierreform op den Dësch ze leeën, an deenen och konkreet Ureegungen iwwert déi verschidde Kompensatiounsmechanismen (virun allem och fir finanzschwaach Haushälter) op den Dësch geluecht ginn.

Parallel missten – knapp e Joer no der Aféierung vun der CO2-Steier – handfest Zuelen iwwert d’Anname vun der CO2-Steier an d’Verwendung vun dëse Gelder duergeluecht, an eng mëttel- a laangfristeg virauszegesinn graduell Erhéijung vun der CO2-Steier virgestallt ginn.

Matgedeelt vum Mouvement Ecologique

Dernières nouvelles