Sea Shepherd Lëtzebuerg: Filmprojektioun vu „FIN“ am Ciné Utopia

E Mëttwoch de 25. Mee 2022 um 19:00 Auer hu mir d’Chance de spannenden, awer och erschreckenden Documentaire « FIN » am Ciné Utopia ze gesinn. Zousätzlech dozou kënnt de Captain Alex Cornelissen, CEO vun Sea Shepherd Global, op Lëtzebuerg, fir no der Kino Seance dem Public Fro an Äntwert ze stoen.

Den Documentaire vum Eli Roth dauert 90 Minutten an ass op Englesch. Gewise gi Wëssenschaftler, Aktivisten a Fuerscher, déi an der ganzer Welt opdecken, wisou d‘Haien lues a lues ausstierwen.

Reservéiert elo är Ticketen per E-Mail op info@seashepherd.lu. Den Entrée ass gratis! Organiéiert gett d’Evenement vu Sea Shepherd Lëtzebuerg.

2002 huet de Captain Cornelissen u senger éischter Sea Shepherd Missioun deelgeholl a säitdeem war hie bei iwwer 25 Campagnen dobäi. Méi zu sengem opreegende Liewen gitt Dir op Sea Shepherd Global gewuer.

Dernières nouvelles